Radioen

On air

De Moien  |  The Clash - Train in Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Evakuéiert Kéi an Heissluftfönen

Iwwerschwemmungen

Evakuéiert Kéi an Heissluftfönen

Wéi grouss de Schued an de landwirtschaftleche Betriber no den Iwwerschwemmunge vu leschter Woch wierklech ass, léisst sech den Ament net genee soen. Eppes ass awer sécher: Opginn ass och fir déi kommend Generatioune Lëtzebuerger Bauere keng Optioun.

auto_stories

4 min

Vun der Rou nom Stuerm, vun der dacks riets geet, ass um Bio-Haff Trifolie zu Kruuchten näischt ze spieren. An de Bauerebetriber, déi vun den Iwwerschwemmunge getraff goufen, versicht jiddereen sech ze hëllefe wéi e kann.

Un de Planzen gesäit een wéi héich den Dreck stoung.

Nieft enger vun den Hale leie Maschinne fir ze dréchnen, bannendran leeft een Heissluftfön. De Charel Noesen, ee vun den dräi Bridder, déi den Haff bedreiwen, erkläert, datt ee probéiert, déi eenzel elektresch Motoren ze retten "andeems mir se alleguer auserneen huelen, déi am Waasser louchen, an da vu banne probéiere mam Heißluftfön ze dréchne fir datt d'Wécklungen an alles eben dréche ginn."

Maschinnen, déi gedréchent ginn.

Dobäi fënnt de Biobauer datt hie - besonnesch am Verglach zu de Nopeschlänner - nach Gléck am Ongléck hat - an ewéi all aner betraffe landwirtschaftlech Betriber op staatlech Hëllef kann zielen.

Kämpfe bis déi lescht Minutt

Méi uerg huet et e puer Kilometer weider en Haff zu Miesdref getraff. Vill grouss Maschinnen, en Deel vum Fudder a virun allem de Stall stounge beim Claude Hilgert ënner Waasser.

De Paul a Claude Hilgert.

Fir d'lescht hat hien dat esou schlëmm 1995 erlieft:

"Mee et huet een effektiv bal keng Zäit fir eng Deprimme ze maachen. Et versicht een ze kämpfen. Mir hunn och gekämpft bis déi lescht Minutt, datt d'Mëllechkéi kéinten heibleiwe - mat Sandsäck, Plastik, alles.... Mee wann de Niveau ëmmer méi héich steigt, dann huet een absolut keng Chance."

Dëst hat de Bauer awer wéi en iwwer honnert vu senge Béischten huet missen en Urgence evakuéiere - aus dem Stall zu Miesdref a vu Weeden zu Miersch a Biereng.

Et hätt ee Chance gehat, well een ee Kolleeg op e puer Kilometer gehat hätt, dee spontan bereet war, d'Kéi opzehuelen an den éischten Dag ze sträichen. Et wier d'Solidaritéit an d'Hëllefsbereetschaft, déi dem Bauer elo Courage géife ginn.

Nieft siichtbare Spuere - engem festgekuschte bronge Flom, deen op Maueren a Gréngs pecht - huet d'Waasser och onsiichtbar Spueren a Geforen hannerlooss. Déi gréisste Suerg wier, datt elo kleng Stécker Drot oder Glas um Buedem géife leie bleiwen an eng Kou dat mat opfrësst, seet de Paul Hilgert, dee säi Bachelor an Agrarwëssenschaften op der Uni Bonn mécht an duerno den Haff wëll iwwerhuelen.

Aussiidlung déi eenzeg Aussiicht

Als laangfristeg Optioun gesäit de Papp fir d'Zukunft vu sengem Jong a seng Beruffung als Bauer just eng Aussiidlung vum Haff vu senger aktueller Plaz fort, well esou Extremsituatioune weder fir si als Baueren nach fir hir Béischten op Dauer erdrobar sinn. Och d'Kéi wieren duerch de villen Hin- an Hir duerchernee komm. Laangfristeg kéint et zu Folge wéi Auderentzündunge kommen.

De Claude Hilgert et berouegend, datt de Landwirtschaftsministère an de Raum gesat huet, "datt si eng Bestandsopnam maachen". Elo misst een awer kucke, wéivill een am Endeffekt vum Schued erëmkritt.

Mat engem Formulaire um Site vum Landwirtschaftsministère kënne betraffe Baueren, Wënzer a Gäertner finanziell Hëllefen no der Naturkatastroph vum 14. a 15. Juli ufroen.

Et wäert sécher awer nach Deeg wann net Wochen daueren, bis déi Betraffe sëlwer eng richteg Iwwersiicht iwwer d'Schied hunn.