Europawahlen: virraussiichtlech 9 Parteien am Rennen

Bei den Europawahlen de 25. Mee 2014 trieden zu Lëtzebuerg héchstwahrscheinlech 9 Parteien un: souwuel d’Piratepartei, wéi och d’Partei fir integral Demokratie, déi bei de Chamberwahlen am Oktober eng éischte Kéier dobäi waren, hu wëlles eng Lëscht opzestellen. De Jean Colombera ass Spëtzekandidat vun der PID. Bei de Piraten huet de Jerry Weyer eisen Informatiounen no gutt Chancë fir Spëtzekandidat ze ginn.

De President vun der Kommunistescher Partei Ali Ruckert schléisst eegenen Aussoen no eng Spëtzekandidatur net aus. Och déi Lénk gi mat an d’Europawahlen, wollten iwwert hier Lëscht awer nach näischt verroden. Bei der ADR kéinten d’Liliana Miranda an de Roby Mehlen kandidéieren. Bei deene Grénge wëll de Claude Turmes op e Neits als "Tête de Liste" an d’Wahle goen.

Scho bekannt ass, dass d’Mady Delvaux Spëtzekandidatin vun der LSAP wäert sinn. Bei der CSV huet déi aktuell EU-Justizkommissärin Viviane Reding sech als Spëtzekandidatin an d’Gespréich bruet. Grad wéi an deenen anere Parteie fällt eng formell Décisioun awer och bei de Chrëschtlech-Soziale réischt am Laf vum Januar-Februar.

Lauschtert de ganze Bäitraag vum Pia Oppel:

 

De Jean-Claude Juncker schléisst eng Kandidatur bei den Europawahle bis ewell aus: wann den CSV-Fraktiounschef Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei gëtt an deemno och Kandidat fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident, misst hien och op d'Europawahllëscht vu senger Partei, sou d'Astrid Lulling. Déi laangjäreg CSV-Europadeputéiert selwer schléisst eng Kandidatur net aus:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen