Europäesche Geriichtshaff kippt Direktiv iwwert d'Späichere vun Kommunikatiounsdonnéeën

Den Europäesche Geriichtshaff huet déi europäesch Direktiv iwwert d’Späichere vu Kommunikatiounsdonnéeë fir ongülteg erkläert.

Déi systematesch Späichere vun Donnée’en iwwert Telefon- an Internetverbindungen ass der Cour no e grave Verstouss géint d’Grondrechter, dat heescht d’Protectioun vun der Privatsphär a vu persounebezunnen Donnéeën.

Mat der Direktiv aus dem Joer 2006 ginn d’Operateure verflicht sougenannt Metadaten ze sammelen a während 6 Méint bis 2 Joer ze späicheren: Et geet also net ëm den Inhalt, mee den Zäitpunkt an d’Dauer vun enger Kommunikatioun, de geographesche Standuert, an d’Zort vun Apparat mat deem kommunizéiert gëtt. D’Cour ass der Meenung, datt des Donnéeën et erlaben e präzist Bild vun enger Persoun hirem Liewen ze kréien. D’Mesure wier net streng genuch limitéiert a stéing dowéinst net am Verhältnis zu hirem affichéierte But, deem vun der Kriminalitéitsbekämpfung.

Déi national Gesetzgebung, mät där d’EU-Direktiv ëmgesat gouf, bleiwt bis op weideres gülteg: méiglech ass zum Beispill awer datt verschidden Elementer aus dem Gesetz abrogéiert ginn, bis eng nei Direktiv virläit. Eng Reaktioun vum Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz gëtt am Nomëtten erwaart.

D’Pia Oppel war de Moien um Geriicht um Kierchbierg:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen