Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Ziler fir Stroum ze spueren

EU-Energieministeren

Europäesch Ziler fir Stroum ze spueren

Ziler fir Elektrescht anzespueren an een Deckel um Revenue vu bestëmmte Stroumproduzenten: iwwer déi Mesurë si sech d'Energieministeren aus de 27 EU-Länner eens ginn. D'Diskussiounen iwwer een Deckel um Gaspräis hunn iwwerdeems gewisen, datt d'Meenungen ënner de Länner weider auserneeginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Lëtzebuerger Energieminister begréisst den Accord. D'Anzéie vun extra Revenue vu bestëmmten Energieentreprise bréngt vill Suen eran.

Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Stroumproduzenten, bei deene sech de Staat zerwéiere kann, awer zimmlech limitéiert, sou de Claude Turmes. Hie schwätzt vun "e puer Wandmillen an e puer grouss Solaranlagen", dat géif enger zweestelleger Milliounenzomm entspriechen, déi de Lëtzebuerger Staat géife rakréien.

Mindestens 5 Prozent manner Stroumverbrauch a Spëtzenzäiten

Derbäi kéime Suen, déi Däitschland vun hire Stroumproduzenten anzitt - an déi da Lëtzebuerg, wouhi vill Stroum exportéiert gëtt, géifen zoustoen. Detailer doriwwer mussen awer nach ausgehandelt ginn.

Et ass ee sech eens ginn, datt d'Länner fräiwëlleg de Stroumverbrauch ëm 10 Prozent reduzéieren - obligatoresch ass en Zil vu fënnef Prozent manner Konsum an de Spëtzenzäiten.

Hei misst een, sou de Claude Turmes, bei de groussen Netzbedreiwer, déi Lëtzebuerg beliwweren, usetzen a sech mat hinnen un een Dësch setzen.

Däitschland huet en Hëllefsprogramm vun 200 Milliarden Euro op de Wee bruecht, fir déi héich Präisser opzefänken. Lëtzebuerg ass och prett, déif an d'Täsch ze gräifen.

Anerer wäerten nozéien, souwäit si sech dat leeschte kënnen. Laangfristeg ass dat awer net duerchzehalen, gëtt de Claude Turmes zou:

"Dat ass eng Course, déi do am Gaangen ass, fir een deen aneren ze iwwerbidden. Déi muss ophalen, dat hale mer net duerch."

Präisdeckel fir de Gas: Net vum Dësch

De Sujet vun engem Deckel um Gaspräis ass net vum Dësch, et géif ee viru fueren. Ënner anerem d'Belsch huet annoncéiert, weider doru festzehalen.

D'Europäesch Kommissioun wëllt nach virum EU-Sommet déi nächst Woch zu Prag eng konkret Propos op den Dësch leeën, a spéitstens da gëtt virun doriwwer diskutéiert.