Europadeputéiert wielen Parlamentspresident
D’Europaparlament kënnt um 1. Juli déi éischte Kéier zënter de Wahlen am Mee fir eng Plénièresessioun zu Stroossbuerg zesummen. Alles deit drop hinn, datt de Spëtzekandidat vun de Sozialdemokraten Martin Schulz fir e weidert Mandat als Parlamentspresident confirméiert gëtt. Dat mat der Ënnerstëtzung net just vu senger Fraktioun (191 vun 751 Sëtz), mee och vun der konservativer Europäescher Vollekspartei (221 Sëtz) an de Liberalen (67 Sëtz).
Schonn d’lescht Woch si Sozialdemokraten, EVP a Liberaler sech eenz ginn, datt sinn hier respektiv Kandidate gemeinsam ënnerstëtzen. Zu deem Pak gehéiert d’Ënnerstëtzung haut fir de Martin Schulz als Parlamentspresident an de 16. Juli fir de Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident. Déi Liberal sollen dofir d’Presidence vu wichtege parlamentaresche Kommissioune kréien, a méiglecherweis ee vun den europäesche Spëtzeposten, déi nach ze besetze bleiwen.
Datt et fir de Martin Schulz, respektiv fir de Jean-Claude Juncker duergeet, ass trotz der Majoritéit vu Sozialdemokraten an EVP net garantéiert, mengt den CSV-Europadeputéierte Fränk Engel:
Déi nei LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux geet dervun aus, datt hier Fraktioun sech kloer hannert de Martin Schulz als Parlamentspresident stellt. D'Ënnerstëtzung fir de Jean-Claude Juncker wier awer net unanime:
Och déi liberal Fraktioun wéilt sech bis de 16. Juli mam Jean-Claude Juncker nach iwwer Inhalter ënnerhalen, sou den DP-Europadeputéierten Charel Goerens. Prinzipiell wier d’Ënnerstëtzung vun der “ALDE” awer geséchert:
Wéi déi Gréng sech verhalen, wann de Martin Schulz net am éischten Tour déi néideg Majoritéit kritt, wollt de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes nach net soen. Seng Fraktioun stellt mat der Éisterräicherin Ulrike Lunacek op alle Fall eng Géigekandidatin fir d’Presidence vum Parlament. Géint de Martin Schulz géif schwätzen, datt hien de Korruptiounsreprochë géint déi franséisch Europadeputéiert Rachida Dati net konsequent nogaangen ass, sou d'Argument vum Claude Turmes:
Vum Jean-Claude Juncker fuerderen déi europäesch Gréng als Géigeleeschtung fir hier Ënnerstëtzung de 16. Juli onkret politesch Zousoen. Dozou gehéiere Mesurë géint d’Aarbechtslosegkeet, fir den Ëmwelt- a Klimaschutz, an ee méi transparente Politikstil:
Géigeniwwer de Britte bréicht de Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident iwwerdeems keng Konzessiounen ze maachen, mengt de Fränk Engel. De britesche Premier hätt säi Land mat der Campagne géint den EVP-Spëtzekandidat isoléiert. De Fränk Engel fuerdert, datt d’Britten hier Positioun géigeniwwer der EU klären an iwwert hier Memberschaft ofstëmmen:
Eng 50 Europadeputéiert an deem neie Parlament sinn a kenger Fraktioun: dorënner déi 3 Vertrieder vun der griichescher Neonazi-Partei Chrysi Avgi, an 23 Vertrieder vum rietsextreme Front National aus Frankräich. Hier zukünfteg Roll am Europaparlament kommentéiert de Charel Goerens esou: