Eurodad-Rapport iwwert Steier-Transparenz
Lëtzebuerg fänkt sou lues un sech dem Problem vun der Steierflucht a vum Manktem un Transparenz bewosst ze ginn. Dat geet aus engem neie Rapport vun EURODAD ervir, enger internationaler Plattforme vun ONG’en. Begréisst gëtt, datt d’lëtzebuerger Regierung annoncéiert huet op de Wee vum automateschen Informatiounsaustausch ze goen an de Grand-Duché an Entwécklungslänner de Steierverwaltungen Hëllef ubitt.
Op der anerer Säit wieren zu Lëtzebuerg d’Konten vu multinationale Corporatiounen nach net transparent genuch, virun allem wat d’Fro ugeet wien vu Beneficer profitéiert, esou de Rapport vun EURODAD.
Bedauert gëtt dann och, am Virfeld vum EU Sommet zu Bréissel muer, datt d’lëtzebuerger Regierung eng Erweiderung vun der Zënsbesteierungsdirektive weider blockéiert. D’Fuerderung vun der lëtzebuerger Regierung, datt déi selwecht Reegelen iwwerall musse gëllen, well soss d’Finanzaktivitéiten riskéieren ze delokaliséieren, kann een awer verstoen, esou d’Tove Maria Ryding, Steier-Expert bei EURODAD.
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/FA-CUT-ZENS.mp3"]
Sou wäit d’Tove Maria Ryding, Steier-Expert bei EURODAD, eng international Plattforme vun ONG’en.
De ganzen Interview vum François Aulner mam Tove Maria Ryding (op Englesch):
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/ITV-Blog.mp3"]