EU14: Industriepolitik
Joerzéngtelaang ass een a Westeuropa dovun ausgaang, datt een an enger post-industrieller Gesellschaft géif liewen; datt de Räichtum, deen ee schaaft, lues awer sécher nëmmen nach op Wëssen, op pur Informatioun an Déngschtleeschtungen opgebaut wier. D’Produktioun vu Gidder, dat wier da nëmmen nach eng Saach vun Entwécklungs-Länner. Déi Visioun schéngt elo net méi ze gëllen. Spéitstens di rezent Wirtschafts-Kris huet der Europäescher Unioun däitlech gemaach, datt se op Industrie net ka verzichten.
D’Re-Industrialiséierung ass dofir och ee vun den Enjeue vun den Europawahlen de 25. Mee. An eiser Spezialemissioun iwwert dee Sujet léisst de Michel Delage ze Wuert kommen: den EU-Kommissiounspresident José Manuel Barroso, de FEDIL-Generalsekretär René Winkin, den OGBL-President Jean-Claude Reding, de franséischen Economist Jean-Luc Gréau an de President vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialrot Henri Malosse.