EU14: Dateschutz

Spéitstens mat der NSA-Affär ass kloer ginn: Entreprisen a Geheimdéngschter profitéieren dervun, dass d’Bierger enorm Datentracen um Internet hannerloossen. Am Europawahlkampf schwätzt sech natierlech keng Partei géint Dateschutz aus. Mee konkret Fuerderungen no engem Verbuet oder enger staarker Aschränkung wat d’Kommerzialiséierung vu privaten Donnéeën ugeet, fënnt een néierens an de Wahlprogrammer. Dat ass eng vun de Conclusiounen an der Spezialemissioun.

An der Emissioun kommen zu Wuert: de Frank Schirrmacher (Co-Editeur vun der "Frankfurter Allgemeine Zeitung"), de Jean-Claude Juncker (EVP-Spëtzekandidat), de Jeff Feller (JDL-Generalsekretär an DP-Kandidat bei den Europawahlen), de Claude Adam (Deputéierte vun déi Gréng a Kandidat bei den Europawahlen), d'Viviane Reding (CSV-Spëtzekandidatin bei den Europawahlen) an de Franz Fayot (LSAP-Deputéierten).

Invité am Studio ass de Steve Clement (Informatiker a fräie Mataarbechter vum radio 100,7).

Déi ganz Emissioun, moderéiert vum Pia Oppel:

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen