EU14: Bankenunioun

Ni méi sollten d’Steierzueler fir Banke mussen opkommen déi Faillite ginn. Zu enger Finanzkris wéi 2008 soll et och iwwerhaapt net méi kommen. An wann et awer sou wäit kéim, da soll d’Kris besser opgefaang ginn. Duerch déi Iwwerleeungen ass d’sougenannt Bankenunioun entstan. Engersäits eng gemeinsam Opsiicht vun de Banken an der europäescher Unioun, anerersäits ee Krise-Fong mat deem Banke solle kenne gerett ginn an eng gemeinsam Garantie vun den Depôten.

D’Opstelle vun dëse neie Mechanismen an de nächste Méint a Joren wäerten dat nächst Europaparlament an d’EU-Kommissioun no de Wahlen weider beschäftegen. Den EU-Kommissär fir de Bannemaart Michel Barnier sot, d’Bankenunioun misst ëmgesat, kompletéiert a méiglecherweis verbessert ginn.

D’Bankenunioun war d’Thema an der Spezial-Emissioun am Virfeld vun den Europawahlen vum 25. Mee, déi de Francois Aulner zesummegestallt huet. Zu Wuert kënnt ënnert anerem de Chef vun der lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch.

De ganzen Interview mam Gaston Reinesch:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen