EU14: Aussen- a Sécherheetspolitik

D’Garantie vum Fridden, d’Stäerke vun der internationaler Sécherheet an eng responsabel Weltuerdnungspolitik: dat sinn Zieler vun der gemeinsamer europäescher Aussen- a Sécherheetspolitik : ëm dëse Politikberäich geet et de 19. Mee an eiser Spezialemissioun am Virfeld vun den Europawahlen de 25. Mee.

De Serge Kesseler huet mat enger Rei Kandidaten iwwert d’Aussen-, d’Sécherheets- respektiv d’Verdeedegungspolitik an der EU geschwat: ee Beräich an deem d’Europaparlament nëmme wéineg Matsproocherecht huet. Eng zentral Fro an dëser Emissioun sinn d’Defiziter vun der europäescher Politik am Fall vun der Krise an der Ukraine.

Eng Emissioun vum Serge Kesseler :

Net verpassen

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen