Radioen

On air

Notturno  |  Symphony Orchestra - Intersection

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU wëll Export vun Iwwerwaachungs-Software verhënneren

EU-EXPORTKONTROLL

EU wëll Export vun Iwwerwaachungs-Software verhënneren

D'Reglement, wat den Export vu sougenannte "dual use"-Gidder reegelt, gouf verschäerft. Doduerch soll zum Beispill den Export vu Spionage-Software un autokratesch Regimmer verhënnert ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock

Sougenannten "Dual-use" Gidder si Saachen oder Technologien, déi souwuel zivil ewéi och militäresch genotzt kënne ginn. Ee Beispill dofir ass d'Software "Pegasus" vun der Entreprise NSO, duerch déi méiglecherweis Journalisten, Mënscherechtler, a Staats-Cheffen an Europa illegal ausspionéiert goufen.

D'Europaparlament hat sech schonn zanter 2014 dofir agesat, datt dat aktuellt Reglement iwwer den Export vun "Dual-Use"-Gidder muss geännert ginn. Et waren awer laang an deels zéi Verhandlunge mat de Memberlänner néideg, ier et am Mee dëst Joer zu engem Accord koum. Vum Donneschdeg 9. September un, ass et a Kraaft.

EU-Parlament wollt méi Transparenz

Et war dringend, dat alt Reglement vun 2009 ze iwwerschaffen an d'Lëscht vun deene Saachen, déi ënner eng Exportkontroll falen, ze verlängeren, seet den Europadeputéierte Bernd Lange, deen d'Negociatiounen am Numm vum Parlament gefouert huet. D'Evenementer ronderëm dat Arabescht Fréijoer hätten zum Beispill gewisen, datt Telekommunikatiouns-Software och genotzt ka ginn, fir Leit ze iwwerwaachen. An déi Software gouf deels aus EU-Länner exportéiert.

"Ziel war es, dass das eben auch darunter fallen muss und dass autoritäre Regime eben nicht mehr aus der Europäischen Union solche Software geliefert bekommen. Das ist das Entscheidende und Neue an der Verordnung, dass diese Güter erfasst sind und auch dort eine Ausnahmegenehmigung erteilt werden muss."

An Zukunft muss all Land eng Lëscht mat den Demande an Autorisatioune maachen, an déi och publizéieren. Déi verschidden Autoritéite misste wëssen, wat déi aner maachen, sou de President vun der Handels-Kommissioun am Europaparlament.

"Deswegen haben wir gesagt, wir brauchen einen jährlichen Bericht, um zu sehen, welche Software, welche IT-Kommunikation soll wohin geliefert werden, welche sind genehmigt und welche nicht und was sind die Bestimmungsländer. Das war schon ein bisschen umstritten, weil das Argument, hier geht es um Geschäftsgeheimnisse, dagegen angeführt worden ist."

Pegasus-Affär wier net verhënnert ginn

Esou Awänn hunn dann och dozou gefouert, datt dono d'Lëscht an den Aen vum däitsche Sozialdemokrat ze kuerz ausgefall ass. Och ONGen maachen drop opmierksam, datt d'Reglement net wäit genuch geet. Ee Licence-Shopping, also d'Akafe vu Lizenzen a Länner, déi méi schwaach Reegelen hunn, wier ëmmer nach méiglech, sou hir Kritik.

Am Fall vu Pegasus, der Software, déi vun Israel aus an d'EU importéiert gouf an a verschiddenen europäesche Länner zum Asaz koum, hätt dat neit Reglement näischt geännert, gëtt de Bernd Lange zou. Et betrëfft den Export, beim Import misst een nach nobesseren. Hei wieren awer déi national Autoritéite gefrot:

"Die nationalen Behörden sind letzendlich gefordert angehalten, die Anwendung einer solchen Software hieb und stichfest zu kontrollieren."

Eppes ännere kéint do een anert Gesetz, fir dat sech d'Parlament och staark gemaach huet. Et géif den Entreprisen een "devoir de vigilence" virschreiwen, woubäi et ënner anerem ëm de Respekt vu Mënscherechter geet. D'Kommissioun wëll hei Enn Oktober eng legislativ Propose op den Dësch leeën.