Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Aldous Harding - Lawn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU wëllt Accès op Impfstoffer

Corona-Kris

EU wëllt Accès op Impfstoffer

D'Länner aus der Europäescher Unioun solle sech zesummen dinn, fir sech Impfstoffer géint de Coronavirus ze verschafen, fënnt d'Europäesch Kommissioun. Véier EU-Länner hunn awer schonn op eege Fauscht een Accord mat engem Impfstoff-Produzent ofgeschloss. Lëtzebuerg ass par rapport zu där Initiativ éischter skeptesch.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / StanG

D'Efforte fir een Impfstoff géint de Coronavirus ze entwéckele lafen op Héichtouren. Wéini een do ass, ass nach net gewosst. Mee d'Course fir Zougank zu deem Stoff ze kréien, huet scho laang ugefaangen. D'Europäesch Unioun soll sech do zesummendinn, fir besser verhandelen ze kënnen, seet d'Europäesch Kommissioun.

Mee och hei, wéi bei anere Geleeënheeten an der Corona-Kris, packt Bréissel et net esou richteg, d'Heft an d'Hand ze huelen.

Accord iwwer 400 Milliounen Dosen ënnerschriwwen

D'Kommissioun wollt dës Woch de Wee fir eng gemeinsam Strategie vu Bréissel weisen. E puer Deeg virun där Annonce sinn awer véier EU-Länner virun de Won gesprongen: E Samschdeg hunn Däitschland, Frankräich, Italien an Holland een Accord mat der Pharma-Entreprise AstraZeneca ënnerschriwwen, deen d'Liwwerung vu bis zu 400 Milliounen Dose vun deem Impfstoff sécherstellt, dee bis elo nach net do ass.

Et muss séier goen, betount den däitsche Gesondheetsminister op engem Online-Forum vun der ARD. Et wéilt ee sech elo schonn d'Produktiounscapacitéite sécheren, esou de Jens Spahn. Dowéinst hätt een dat gemaach, "wat d'ganz Welt mécht". Déi véier Länner hätte Sue virgestreckt a wiere prett, dee Risiko ze droe fir de Fall, wann et schif geet.

D'Kommissioun wëllt dat selwecht maachen, mee op europäeschem Niveau. Konkret proposéiert Bréissel, datt d'Kommissioun am Numm vun de 27 EU-Länner Kontrakter mat Impfstoff-Produzente mécht.

EU-Kommissioun gesäit kee Widdersproch

"Mir wëlle Vir-Verträg ofschléissen, déi den EU-Memberlänner d'Recht ginn, eng bestëmmten Zuel vun Impfdosen zu engem bestëmmte Präis ze kafen, esou bal de Vaccin disponibel ass", huet déi zoustänneg EU-Kommissärin Stella Kyriakides e Freideg no enger online-Reunioun vun den EU-Gesondministeren erkläert.

Op där Reunioun hätten d'Ministeren der Kommissioun een entspriechend Mandat gi fir an hirem Numm mat Entreprisen ze verhandelen.

D'Kommissioun proposéiert, 2,7 Milliarden Euro aus der EU-Keess ze huelen, fir Avancen op eventuell Commanden ze bezuelen. Gespréicher wiere schonn amgaang, seet d'Kommissärin.

Wéi passt dat bei d'Initiativ vun deene véier, déi elo no virgeprescht sinn an net op eng europäesch Initiative waarde wollten?

Eemol méi weist sech, datt Bréissel am Gesondheetsberäich, an deem d'Kompetenzen op nationalem Niveau leien, net allze vill Spillraum huet.

Also probéiert een, Eenzelinitiativen an EU-Projeten ënner een Hutt ze kréien. "Mir hunn eis mat deene véier Länner ausgetosch, mir schaffen enk zesummen".

Lëtzebuerg fir EU-Approche

De Jens Spahn betount iwwerdeems, datt hir Initiativ am allgemengen Interêt gestart gouf, an datt de But ass, den Impfstoff fir all 27 EU-Länner ze sécheren.

D'Propos vun der Kommissioun an déi national Initiative si komplementar, sot och e Méindeg de Spriecher vun der Kommissioun, den Eric Mamer.

Dat gesäit net jiddereen esou. Fir déi belsch Gesondheetsministerin Maggy de Block hunn déi véier Länner duerch hiren Accord hir eege Positioun an och déi vun der Kommissioun geschwächt.

Och Lëtzebuerg reagéiert éischter skeptesch. Et wier ee vun där Initiativ iwwerrascht ginn, heescht et aus dem Gesondheetsministère. D'Konditioune vun deem Accord wieren net kloer, an et hätt een dozou Froen un d'Kommissioun gestallt, ouni bis elo eng Äntwert ze kréien. Lëtzebuerg wier éischter fir eng europäesch Approche.

Den Accord mat Astra-Zeneca gëtt jo Aussiicht op bis zu 400 Milliounen Dosen Impfstoff. Dat geet knapps duer fir déi 500 Milliounen EU-Bierger.

D'Fro, wat geschitt, wann et um Enn, bei egal wéi engem Accord, manner Impfstoff gëtt, wéi es déi 27 EU-Länner brauchen, gouf bis elo evitéiert.