Iwwer 4.000 Leit wieren zanter Ufanks des Joers op deem Wee an dat baltescht Land komm. Dat sinn der däitlech méi ewéi soss: zejoert goufe ganzer 80 Migranten op där Grenz gezielt.
Dat klengt Land mat 2,8 Milliounen Awunner fillt sech iwwerfuerdert an huet d'EU ëm Hëllef gefrot an eng Videokonferenz mat den EU-Inneminister aberuff, déi haut soll sinn. Iwwer eng Dose Memberlänner, dorënner och Lëtzebuerg, hunn am Virfeld Feldbetter an anert Material geschéckt.
EU-Kommissioun wëllt Baussegrenze schützen
Ufanks August huet sech d'Ylva Johansson, déi fir d'Migratioun zoustänneg EU-Kommissärin, ee Bild op der Plaz gemaach. Et géif sech hei net ëm eng Migratiounskris handelen, sou d'Schwedin, mee ëm eng Provokatioun vum Lukashenko-Regime.
Dat wier net acceptabel, an et misst kloergestallt ginn, datt et kee fräien Accès an d'EU gëtt, esou d'EU-Kommissärin. D'EU misst dofir zesummenhalen a mat Litauen dofir suergen, datt d'Baussegrenz mat Belarus geschützt gëtt. D'EU-Agence Frontex huet hir Presenz am Land verstäerkt an ass elo mat iwwer 100 Leit op der Plaz fir ze hëllefen, d'Situatioun ze geréieren.
Irak stoppt Flich op Minsk
Déi meescht Migrante kommen aus dem Irak. Si wiere mat der Hëllef vun de belaruseschen Autoritéiten op d'Grenz dirigéiert ginn, sou de Reproche.
Bagdad hat den 12. August annoncéiert Flich op Minsk ze annuléieren an huet och eng 240 Migranten zeréck an den Irak geflunn. Si wieren Affer vu Schmuggler ginn, sou d'Duerstellung vun der irakescher Säit. D'EU huet déi an hiren Ae konstruktiv Approche vu Bagdad begréisst.
De Peter Stano, Porte-parole vun der EU-Kommissioun huet begréisst, datt den Irak sech bewosst wier, wéi wichteg dee Sujet fir d'EU ass. Et géif een hoffen, datt d'Situatioun en vue vun de Vollen tëschent Bagdad a Minsk sech géif stabiliséieren.
Weider Sanktioune géint Belarus
Och a Polen a Lettland si Migranten aus dem Nopeschland Belarus ukomm, a sinn deels och refuséiert ginn.
Wéi genee d'EU verhënnere wëllt, datt Minsk mat där Erpressungs-Strategie virufiert, ass net kloer. Déi 27 EU-Länner hu schonn decidéiert, weider Sanktioune géint Belarus op de Wee ze bréngen.
Sécher ass och, datt sech d'Länner prinzipiell net doriwwer eens sinn, wéi d'EU soll mat Migranten ëmgoe soll. Dat war nach bei där leschter Diskussioun Mëtt Juli iwwer de geplangte Migratiounspakt méi ewéi däitlech ginn.