Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Ungarn: Budapest huet iwwer de Weekend an zwee Punkte verluer

Finanzéierung

EU-Ungarn: Budapest huet iwwer de Weekend an zwee Punkte verluer

D'Europäesch Unioun ass sech de Weekend iwwer de Finanzement vun engem Hëllefspak fir d'Ukrain iwwer 18 Milliarden Euro eens ginn. Ungarn hat dee Pak bis elo blockéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Duerch den Accord iwwer den Hëllefspak fir d'Ukrain fält een Hiewel ewech, deen Ungarn ugesat hat fir dofir ze suergen, datt EU-Suen, déi d'Land zegutt huet, fräigeschalt ginn.

Andeems net den EU-Budget, mee d'Memberlänner elo d'Garantië fir déi 18 Milliarden Euro liwweren, war keng Unanimitéit méi néideg. Déi 26 si sech eens ginn, géint d'Stëmm vun Ungarn, dat kee Veto méi aleeë konnt. Vu Januar 2023 u sollen déi Fongen ausbezuelt ginn.

EU-Kommissioun recommandéiert EU-Subsiden ze sträichen

Déi zweet Nouvelle vum Weekend dierft zu Budapest och net gutt an der Regierung vum Premier Viktor Orbán opgeholl gi sinn. D'Europäesch Kommissioun bleift nämlech bei hirer Recommandatioun, Ungarn EU-Subsiden an Héicht vu 7,5 Milliarden Euro ze sträichen.

Si war schonn an enger éischter Analys zu deem Schluss komm. Frankräich an Däitschland haten eng weider Evaluatioun gefrot, well Bréissel net all d'Fortschrëtter, déi Ungarn an de leschte Wochen am Kampf géint d'Korruptioun an fir eng méi onofhängeg Justiz gemaach huet, mat a Betruecht gezunn.

Weider Evaluatioun kënnt zum selwechte Schluss

D'Resultat fält awer déi zweete Kéier genee d'nämmlecht aus. Déi neisten Informatioun, déi Budapest iwwer d'Reforme geliwwert huet, géife keng substantiell Ännerunge par Rapport zu deem bréngen, wat d'Kommissioun bis elo virleien hat, heescht et an engem Bréif vum EU-Kommissär Johannes Hahn un d'Memberlänner.

De Risiko fir de Budget vun der EU géif weider bestoen - doru géifen och déi nei Gesetzer an Ungarn näischt änneren, sou d'Kommissioun. Bréissel betount, datt et net just drëm geet, déi Gesetzer duerch d'Parlament ze bréngen, ma och drëm wéi effikass déi dono ëmgesat ginn.

De Ball läit elo also nees bei de Memberlänner, si mussen um Enn d'Sträiche vun EU-Suen fir Ungarn formell decidéieren. Der Prozedur no muss déi Decisioun bis haut an enger Woch falen. Onkloer ass, ob doriwwer um EU-Sommet dësen Donneschdeg diskutéiert muss ginn, oder déi aner 26 Länner sech virdrun awer nach eens ginn.