EU-Sommet proposéiert Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident

Déi europäesch Staats- a Regierungs-Chefen proposéieren de Jean-Claude Juncker als neien EU-Kommissiounspresident. Wéi erwaart ass déi Decisioun de Mëtten um EU-Sommet zu Bréissel géint d’Stëmme vu Groussbritannien an Ungarn gefall.
e Jean-Claude Juncker huet just um Kuerz-Message-Réseau Twitter reagéiert a sot sech houfreg, datt de Rot hien ënnerstëtzt. Lo géif et ëm d’Ënnerstetzung vum Europaparlament goen.
e 16. Juli muss den designéierte Kommissiounspresident sech dem Vote vum Europaparlament stellen. Bis déi nei Bréisseler Exekutiv am November hiert Mandat untrëtt, soll d’Martine Reicherts Lëtzebuerg an der EU-Kommissioun vertrieden. D’LSAP huet déi europäesch Beamtin proposéiert.

De Premier huet dem Jean-Claude Juncker den Owend félicitéiert. Ausdrécklech begréisst huet de Xavier Bettel, datt de Prinzip deem no déi stäerkste Fraktioun de Kommissiounspresident soll stellen, vum Rot respektéiert ginn ass – wann och net mat Unanimitéit.
e groussherzoglechen Haff huet dem Jean-Claude Juncker an engem Communiqué vill Gléck beim Vote am Europaparlament gewënscht.

De Jean-Claude Franck am Owespanorama mat enger Live-Interventioun vu Bréissel:

 

D'Reaktioun vum Claude Wiseler, Adjoint vum CSV-Fraktiounschef:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen