Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tali - Fighter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Sommet: Kritik um Europaparlament

Korruptiounsskandal

EU-Sommet: Kritik um Europaparlament

Déi meescht Staats- a Regierungscheffe weise sech schockéiert iwwer d'Nouvellë vu Korruptioun aus dem Europaparlament. Dobäi gouf et och méi oder manner däitlech Kritik un där EU-Institutioun.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Et ass dee berüümten Elefant am Raum: De Skandal ronderëm déi confisquéiert iwwer annerhallef Millioun Euro, déi méiglecherweis de Katar an de Maroc u Membre vum Europaparlament a parlamentaresch Assistente bezuelt hätten.

De Sujet steet zwar net um Ordre du jour vum EU-Sommet, mee en huet sech selwer dohin invitéiert.

Alexander de Croo: Mir erwaarden eis méi vum Parlament

Mir hunn näischt domat ze dinn, dat ass de Subtext an de Commentairë vun de Staats- a Regierungscheffen. Ënnermauert gëtt dee Message duerch deen, datt d'Parlament hei méi hätt kënne maachen.

An deem Kontext sot de belsche Premier Alexander de Croo, et hätt ee sech méi vun der ieweschter demokratescher Institutioun erwaart:

"Et ass gutt, datt déi belsch Justiz dat heiten opgedeckt huet, mee et mécht och kloer datt d'Parlament seng intern Strukture verbessere muss"

Den Alexander de Croo weist sech awer och houfreg op d'Aarbecht vun de nationalen Enquêteuren, an och de Xavier Bettel seet et wier gutt, datt et déi belsch Justiz gëtt: "Well éierlech gesot, weess ech net ob déi Affär ouni si opgedeckt gi wier".

Trotzdeem betount de Lëtzebuergesche Premier och, datt et net un him ass, dem Parlament gutt Rotschléi ze ginn: "Et ass um Europaparlament Konklusiounen ze zéien."

Xavier Bettel: Et ass ze fréi fir politesch Konsequenzen ze zéien

D'Cheffin vum Parlament Roberta Metsola ass och, wéi dat ëmmer de Fall ass, um Ufank vum EU-Sommet present. Fir si huet d'Parlament sech hei virbildlech verhalen: "Sou bal mir vun der Police informéiert goufen, hu mir direkt a séier gehandelt".

Bis elo betrëfft de Skandal just d'Parlament. Sollt de Katar awer massiv Suen an d'Beaflosse vu Politiker gestach hunn, stellt sech d'Fro wéi eng Konsequenzen doraus vun de Regierunge musse gezu ginn.

De Premier Xavier Bettel betount, datt et sech ëm eng Justizenquête handelt, an hie wéilt net virgräifen: "Mir waarde bis déi fäerdeg ass an da solle mer déi politesch Konsequenzen zéien".