Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament wëllt transnational Wallëschten

EUROPAWALEN

EU-Parlament wëllt transnational Wallëschten

2015 ass de Versuch transnational Lëschte mat Kandidaten opzestellen schonn eng Kéier schif gaangen. Elo huet sech eng Majoritéit am EU-Parlament dofir ausgeschwat. D'Propos ass awer virun allem an der EVP ëmstridden.

auto_stories

4 min

Gëschter gouf et dofir eng Majoritéit am Europaparlament - domat ass d'Propos allerdéngs nach laang net ëmgesat.

Méi oder manner Demokratie?

Wichteg ass, datt keen eppes ewechgeholl krit, seet den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel. Fir hie géif den Zousaz vun europäesche Lëschten d'Wale méi demokratesch maachen.

"Mir wäerte weider zu Lëtzebuerg, wéi mer et gewinnt waren, alle fënnef Joer sechs Europadeputéiert zu Lëtzebuerg wielen. An da kréie mer nach eng zweet Stëmm, déi mer op enger transnationaler Lëscht kënne verginn. Dat mécht dee ganze Walkampf méi europäesch, et mécht d'europäesch Parteie méi visibel an et ass gutt fir de Prinzip vum Spëtzekandidat."

Déi zweet Stëmm wier eng Lëschtestëmm, si géif un eng vun den europäesche Parteifamillje goen, déi dann hir gewielte Vertrieder an d'Europaparlament schécken.

Spëtzekandidatesystem stäerken

Bei de leschte Wale waren d'Parteie wuel mat Spëtzekandidaten ugetrueden. De Manfred Weber, de Kandidat vun der stäerkster Fraktioun, der Europäescher Vollekspartei, ass awer dono net, wéi dat am Fong de Wieler a Wielerinne versprach gi war, Kommissiounspresident ginn.

Des Kéier kéinten d'Lëschte vun de Parteie vun engem respektive Spëtzekandidat ugefouert ginn. Doduerch géif d'Katastroph vun 2019 verhënnert, sou gëscht de Liberale Guy Verhofstadt an der Plenière zu Stroossbuerg. Nämlech datt d'Memberlänner dono een anere Kandidat fir de Chefposte vun der Kommissioun nominéieren,

"Dës Kéier gëtt et Stëmme fir de Spëtzekandidat, doduerch gëtt et onméiglech, datt de Conseil een aneren nominéiert, wéi de Spëtzekandidat, deen déi meeschte Stëmme krut."

2015 war nieft den euroskeptesche Parteien och d'Europäesch Vollekspartei géint d'Propos vun transnationale Lëschten. Gëscht ware sech déi chrëschtdemokratesch Europadeputéiert beim Vott net eens. Si konnten ouni Fraktiounszwang wielen. De Christophe Hansen vun der CSV huet sech enthalen, d'Isabel Wiseler awer dogéint gestëmmt.

Fir d'CSV-Europadeputéiert ass et net demokratesch, datt déi politesch Fraktiounen an net d'Wieler direkt decidéieren, wien dono gewielt ass. Fir si ginn hei kleng Länner benodeelegt, an dat wier och net richteg:

"Mir sinn an deem groussen Europa mat sechs Deputéierten iwwerrepresentéiert, mee mir kënnen awer och net nach manner Gewiicht hunn, wéi déi sechs, an engem Parlament, wou mer da nach méi diluéiert wieren."

Walalter erofsetzen

D'Propose awer war par Rapport zur leschter Kéier ëmgeännert ginn. D'Länner géifen tëscht kleng, mëttel a grouss an dräi Kategorien opgedeelt, aus deenen ofwiesselend Kandidaten a Kandidatinnen op der Lëscht vun de Parteien opgezielt géife ginn. Fir de Marc Angel eng Garantie, datt déi kleng net méi schlecht ewechkommen:

"Et ass net, datt déi éischt Plazen nëmme vu grousse Länner besat ginn. Do ass eng gutt Gerechtegkeet agebaut, déi déi kleng Länner schützt. Also fir Lëtzebuerg ganz positiv. An et ass och eng Gender-Dimensioun dran. Et muss am sougenannten Tirettesystem ëmmer eng Fra, e Mann op där Lëscht sinn. An dat ass och wichteg."

D'Aféiere vu transnationale Lëschten ass eng vun de Proposen, déi an den Diskussiounen ënner EU-Bierger an der sou genannter Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa festgehale gouf. Den deemolege Spëtzekandidat Manfred Weber war selwer an deem Aarbechtsgrupp vertrueden, dee sech domat befaasst huet.

D'Fro, ob hien fir oder géint déi nei transnational-Lëschten ass, huet hie gëscht an enger Pressekonferenz op gelooss.

D'Wale sollen där Propos vum Parlament no iwwregens an der ganzer EU um selwechten Dag sinn, nämlech de 9. Mee um Europadag. Bis elo war dat net de Fall, d'Europawalen hu sech op verschidden Deeg verdeelt. De Mindestalter géif vun 18 op 16 Joer erofgesat ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.