Radioen

On air

Tockcity  |  Master Peace - Start You Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament: Schmuel Majoritéit fir Verbuet vum Verbrenner-Auto

KLIMASCHUTZ

EU-Parlament: Schmuel Majoritéit fir Verbuet vum Verbrenner-Auto

Geet et der Europäescher Kommissioun no dierfe vun 2035 un keng Diesel- oder Bensinnsautoe méi an der EU verkaaft ginn. D'Majoritéit vun der Ëmweltkommissioun am Europaparlament stellt sech dohannert. D'Meenunge goungen awer zimmlech auserneen.

auto_stories

4 min

De Rapport, deen den Hollänner Jan Huitema dem Parlament am Januar virgeluecht hat, war ambitiéis. Keng Diesel- a Bensinns-Autoe méi um Marché bis 2035 a minus 70 Prozent CO2-Emissioune bis 2030. Dat louch e gutt Stéck iwwert dem Zil (minus 55 Prozent), wat déi Europäesch Kommissioun am Juli zejoert proposéiert hat.

Hie wier net dofir, datt manner Auto gefuer gëtt, sou deemools den hollänneschen Liberalen. "D'Léisung ass net manner, ma eng propper Mobilitéit. Dowéinst sollte mer Autoen mat null Emissioun bauen."

Dem riets-konservativen Deel am Parlament war schonn d'Propos vun der Kommissioun ze wäit gaangen. Kee Wonner, datt de Rapport vum Jan Huitema ausenee geholl gouf, knapps datt en um Dësch louch. Als "überehrgeizig" huet en de Jens Gieseke vun der däitscher CDU bezeechent.

Verschäerfung vun Reduktiounsziler ëmstridden

Där Meenung schéngen och eng Partie aner Europadeputéiert an der soss éischter ambitionéierter Ëmweltkommissioun am Parlament ze sinn. Déi Meescht ware beim Vott en Mëttwoch net prett, déi proposéiert Verschäerfungen vun de Klima-Ziler matzedroen.

Zum Beispill och net déi, dat een schonn 2027 eng Etappe vu minus 40 Prozent CO2 sollt abauen. Dat wier awer néideg, fir sécher ze sinn, datt d'EU wierklech bis 2035 prett ass, effektiv keng Autoen méi mat Verbrennungsmotoren op de Marché ze bréngen, seet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

"Ambitiéis Zwëschenziler sinn och wichteg, fir d'Elektromobilitéit méi accessibel fir all Mënsch ze maachen. Wa méi Elektro-Autoen op de Marché kommen, ginn et der och méi um Secondhand-Marché. Dat heescht et wier besser um Soziale Plang, vun der Ëmwelt an och vun der Gesondheet hier gewiescht, scho vrun 2035 kloer Reduktiounsziler anzeféieren."

Amplaz dovun huet sech e bëssen iwwerraschend den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen mat enger manner strenger Propose duerchgesat: Bis 2025 sollten d'Autoen 20 Prozent manner Emissiounen an d'Loft blosen.

"Ech war doriwwer e bëssen iwwerrascht, ech hunn drop gehofft, datt de Mëttelwee tëschent der Kommissiounspropos an där vläicht bëssen ze extremer vum Rapporteur Huitema kéint eng Landing Zone sinn. Den Amendement hat vu menger Fraktioun kee Support, dat kënnt heiansdo vir, wann ee méi ambitiéis ass ewéi seng eege Fraktioun."

Enn vum Verbrenner: Diskussioun geet virun

Wéi sech dat ganzt Parlament wäert an dëser Fro, ma och an där vun engem fixen Datum fir den Enn vun Diesel a Bensinn verhalen, ass iwwerdeems nach net kloer. D'Ëmweltkommissioun wëll un 2035 festhalen, am Vott huet eng schmuel Majoritéit vun 46 géint 44 Stëmmen fir ee Kompromëss gestëmmt, dee sech der Propose vun der Kommissioun uschléisst. Déi seet: 55 Prozent manner CO2 bis 2030 an 100 Prozent manner bis 2035. Dat Lescht kënnt engem Verbuet vun Autoe mat Verbrenner-Moteur gläich.

Domat gouf dem Christophe Hansen seng Europäesch Vollekspartei mat hirer Fuerderung, am Joer 2035 eng Reduktioun vu just 90 anzeféieren iwwerstëmmt. Allerdéngs ass d'Iddi net vum Dësch. An den aneren zoustännege Kommissioune vum Transport an där vun der Industrie hat d'Propose nämlech eng Majoritéit hannert sech. Dat mécht de Géigner vun engem Verbuet Hoffnung fir de Vott an der Plenière am Juni.

"Wir sind für Technologie-Offenheit, für Innovation und wir wollen keine Verbote qua Gesetz", sot gëscht den däitsche Chrëschtdemokrat Jens Gieseke. Him geet et virun allem ëm d'Industrie, där een déi néideg Zäit soll ginn, fir sech ëmzestellen. Doduerch kéint een och vill Aarbechtsplaze retten, sou den CDU-Politiker.

Et géif och drëm, datt déi ganz EU Zäit brauch, fir iwwerall Statiounen ze hunn, fir Elektro-Autoen opzelueden, seet de Christophe Hansen, deen och fir eng méi flexibel Léisung ass.

Finale Vott am Juni

Der EVP no soll d'Industrie soch d'Méiglechkeet kréien, sech Autoen, déi mat syntheeteschem Bensinn lafen, bei de Grenzwäerter urechnen ze loossen. Dat kéint fir een Ausgläich suergen, sou d'Argument, wat op där grénger Säit net als gutt geheescht gëtt.

Synthetesch Krafstoffer géife selwer vill Energie an der Produktioun verbrauchen an och CO2 produzéieren, sou d'Tilly Metz.

Dës Propose dierft awer am Juni nach eng Kéier um Dësch leien, genee ewéi eng Partie anerer, wann dat ganzt Parlament iwwert seng Positioun of stëmmt.

Bis dohi kéint och déi vun de Memberlänner virleien. Dono ass et dann un den Institutiounen sech op eng gemeinsam Positioun ze eenegen.