Den Antoine Deltour huet net virun ee Geriicht gehéiert. Där Meenung ass d'Majoritéit vun den Europa-Parlamentarier. "Wieren déi Mesuren, déi mir elo proposéieren, schonn a Kraaft, wier dat och net geschitt", seet d'Virginie Roziere, Rapportrice vum Parlament an deem Dossier.
Am Rapport proposéiert d'Europaparlament konkret Mesuren, fir dofir ze suergen, datt Whistleblowere besser protegéiert ginn.
Breet Definitioun vum Whistleblower
Éischte Punkt op der Lëscht fir eng besser Protektioun ass eng méiglechst breet Definitioun vum Lanceur d'alerte. Dozou gehéieren net nëmme Salariéë vun enger Entreprise, mee "jiddereen, deen Informatiounen erausgëtt, déi en Ugrëff op den Interêt général vun den europäesche Bierger opdecken", sou d'Virginie Rozière, déi a Frankräich Member vum Parti radical de gauche ass.
Ee Whistleblower muss géint intern Sanktiounen, géint Représaillen geschützt ginn, steet am Rapport vum Parlament.
Direkt un d'Press goen
Ee grousse Sträit Punkt ënnert de Parlamentarier war d'Fro: Däerf ee Whistleblower mat sengen Informatiounen direkt an d'Medie goen? Nee soten eng Partie konservativ Deputéiert, si hu sech dofir agesat, datt de Whistleblower fir d'éischt eng intern Prozedur duerchlafe muss.
Den CSV-Europadeputéierte Georges Bach war hei net mat der Majoritéit vu senger politescher Famill d'Accord. Aus senger Erfahrung als Personal-Delegéierte wéisst hien, datt et an der Praxis dacks net méiglech wier, deen interne Wee ze goen, wëll een do net weider kënnt.
Och de Fall Deltour wier ee gutt Beispill dofir, datt de Wee no bausse sech heiansdo imposéiert, seet d'Virginie Rozière. Ëmmerhin hätt et Ententen tëscht der concernéierter Entreprise an den Autoritéite ginn, do wier et kaum wahrscheinlech gewiescht, datt een um interne Wee wäit komm wier.
D'nächst Joer e Gesetz virleeën
Onofhängeg national Gremie missten d'Aufgab iwwerhuelen, d'Credibilitéit vun den Informanten an d'Wourecht vum Contenu iwwerpréiwen, sou eng weider Fuerderung vum Parlament.
Eng Revendicatioun ass zentral: D'Kommissioun soll eng Direktiv proposéieren, déi de gesetzleche Kader regelt.
Dat kéint awer nach e bëssen daueren. Déi Europäesch Kommissioun ass am gaangen eng Etude ze maachen - well awer eegenen Aussoen no net viru Februar d'nächst Joer eng Propos fir eng Direktiv op den Dësch leeën.