Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament: Extra-Sitzung an der Chrëschtvakanz

BREXIT

EU-Parlament: Extra-Sitzung an der Chrëschtvakanz

D'Zäit gëtt knapps an de Verhandlungen iwwer een Handelsaccord tëschent der EU a Groussbritannien. Bis Enn des Joers muss den Deal ofgeschloss sinn. D'Europaparlament hält sech prett fir eng ausseruerdentlech Plenière.

auto_stories

3 min

Et gouf nach ëmmer keen Duerchbroch bei de Verhandlungen iwwer een EU-Fräihandelsaccord mat Groussbritannien. D'Zäit gëtt esou lues knapps. Well sollt et nach zu engem Accord kommen, muss och nach d'Europaparlament deen Text virun Enn des Joers guttheeschen.

D'Parlament ass amgaang sech op eng Extra-Sitzung an der Chrëschtvakanz ze preparéieren, seet den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen. Et géif zwou Optiounen:

"Déi eng wier eng Plenarsessioun just nach viru Chrëschtdag, den 23. ënner der Konditioun, datt mer nach dës Woch een Accord hunn. Wann dat net de Fall ass, da leeft alles drop eraus, datt d'Parlament wäert eng Plenière an der Woch vum 28.12. hunn."

Déi zweet Variant schéngt méi warscheinlech, well een Accord ass nach ëmmer net en Vue.

Déi nämmlecht Sträitpunkten: Wie gëtt wou no?

Déi grouss Sträitpunkte sinn an de grousse Linnen déi nämmlecht bliwwen.

D'Fëscherei gehéiert dozou. D'Britten hätte gären hir Rechter vun deenen aneren europäesche Fëscher erëm, déi an hire Gewässer fëschen. D'EU refuséiert dat an ass och dogéint, datt een elo ëmmer just fir eng bestëmmten Zäit Rechter aushandelt. Et ass ee Sträitpunkt, mee net deen ekonomesch wichtegsten. Et kéint sinn, datt d'EU do Konzessioune mécht.

Net eens ass ee sech och nach ëmmer iwwer d'Reegele vum Marché, déi Groussbritannie misst erfëlle mat senge Produiten, déi an d'EU erakommen. Hei mussen déi nämmlecht Standarde wéi an der EU gëllen, dat fuerderen déi 27 EU-Länner an och d'Europaparlament. Dat ass ee Punkt, op deem d'EU sécher net prett ass, vill nozeginn.

Sträit gëtt et och doriwwer, wien zoustänneg ass, wann et Divergenze gëtt. Groussbritannie refuséiert et weiderhin, den Europäesche Geriichtshaff als Instanz, déi do zoustänneg wier, unzëerkennen.

Et kéint sinn, datt d'EU sech hei géif op ee Kompromëss aloossen an d'accord ass, datt een eng nei Instanz, déi dann nach genee ze definéiere wier, géif ageféiert ginn, déi fir esou Fäll zoustänneg wier.

Gëtt d'parlamentaresch Kontroll zur Farce?

D'Europaparlament muss egal wéi um Enn den ausgehandelten Text guttheeschen, soss kann den Accord net a Kraaft trieden.

Dat muss virum 31. Dezember geschéien. Wa sech bei de Verhandlunge béid Säiten iwwer een Text eens sinn, brauchen duerno d'EU Institutiounen nach 25 Deeg, fir deen Text legal ze iwwerpréiwen an ze iwwersetzen.

Do stellt sech d'Fro, wéini d'Parlamentarier dann Zäit hu fir sech deen Text vun iwwer 1.000 Säiten duerchzeliesen.

Dem Christophe Hansen no ka sech d'Parlament op den EU-Chefnegociateur verloossen.

"Mir hunn him ee kloert Mandat ginn, hie weess, wou eis Flexibilitéiten an wou eis rout Linne sinn. Dat heescht dann, wann et een Accord gëtt, wäert deen och en Ligne si mat deem, wat mir gefuerdert hunn."

Den Debat an de Vott am Parlament wiere keng Farce, d'Parlamentarier géifen hir Aufgab eescht huelen, si géifen net egal wéi een Accord unhuelen, dat war dës Woch vu verschiddene Säiten ze héieren.

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.