Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Parlament ënner Drock

Korruptiounsskandal

EU-Parlament ënner Drock

Am Europaparlament gëtt driwwer diskutéiert, wéi eng Konsequenzen direkt aus dem Korruptiounsskandal gezu musse ginn. D'Presidentin Roberta Metsola huet eng intern Enquête annoncéiert, et gëtt vill opzeschaffen.

auto_stories

4 min

De Korruptiounsskandal ronderëm d'Vizepresidentin Eva Kaili zitt weider Kreesser. Gëschter goufen och Raim am Parlamentsgebai zu Bréissel duerchsicht. Dat huet de belsche Parquet matgedeelt.

Am Ganze wieren am Kader vun der Enquête Perquisitiounen an 20 Büroen oder Wunnraim duerchgefouert ginn.

Déi griichesch Europadeputéiert Eva Kaili ass eng vu véier verdächtege Persounen, déi an Untersuchungshaft sëtzen. Hinne gëtt d'Bedeelegung un enger krimineller Vereenegung, Blanchiment an Korruptioun reprochéiert. Am Raum steet, datt den Katar duerch Geldgeschenker probéiert huet politesch Afloss ze huelen. De Golfstaat dementéiert dat.

Roberta Metsola: Transparenzreegele musse reforméiert ginn

D'Europaparlament steet ënner Schock. D'Presidentin ass ech bewosst, datt elo séier muss reagéiert ginn. "Et gëtt näischt ënnert den Teppech gekiert", versprécht d'Roberta Metsola. Si annoncéiert eng Partie Mesuren.

"Mir wäerten eng intern Enquête lancéieren, fir d'Fakten opzeklären. Mir wäerten ee Reformprozess lancéieren, a méi genee kucken, wien Accès bei eis huet, wéi déi Leit oder ONGe finanzéiert ginn, wéi eng Liene si mat Drëttlänner hunn. Mir wäerte méi Transparenz fir esou Meetinge froen."

Den aktuelle Reegelen no musse just Rendezvouse mat Vertrieder vun Entreprisen oder ONGen, net awer vu nationale Regierungen enregistréiert ginn. Et ass also net direkt novollzéibar, wie sech zum Beispill mat Representanten aus dem Katar getraff huet.

Isabel Wiseler: De Versuch, Afloss ze huelen, kënnt dacks vir

Meetinge mat Ambassadeuren aus Drëttlänner gëtt et dacks, seet d'Isabel Wiseler, Member vun der Mënscherechtskommissioun vum Parlament. Sue goufen hir nach ni ugebueden, mee de Versuch Afloss op Rapporte vum Parlament ze huele gehéiert zum Alldag, sou d'CSV-Europadeputéiert.

"Bei all Resolutioun, déi fir ee Land kriddeleg ass, hunn d'Ambassadeuren Tendenz Kontakt mat eis opzehuelen."

An der Reegel kéim et dono och zu perséinleche Gespréicher. "Wann ech nëmme kann, akzeptéieren ech déi Rendezvousen, wann ee wëllt mat mir schwätzen, soen ech jo dozou."

Enregistréiert am Lobby-Register vum Parlament huet si déi Terminer bis elo effektiv net, preziséiert d'Isabel Wiseler. Mat Vertrieder:innen aus dem Katar hätt si bis elo keng Gespréicher gehat.

De Schock ënner den Europadeputéiert setzt déif. Dat huet eng éischt Ronn vu Reaktioune vun de Fraktiounscheffen an der Plenière gewisen.

Et gouf Versich, keng Debatt iwwer Katar ze féieren

Wann et ëm de Katar goung, hätt een eng Amëschung am Parlament gespuert, sot d'Vertriederin vun deene Lénken, d'Manon Aubry. Si huet sech net komplett iwwerrascht vun där aktueller Affär gewisen.

"Notre groupe demandait depuis plus d'un an, à ce qu'un débat se tienne sur les violations des droits humains de la coupe du monde au Qatar, certains groupes s'y sont opposés "

Dozou gehéiert eben déi eenzeg Fraktioun, déi bis elo vun deem Korruptiounsskandal betraff ass, nämlech déi vun de Sozialdemokraten. De Lëtzebuerger Vertrieder vun deem Grupp, de Marc Angel, confirméiert, datt et an der Fraktioun Stëmme gouf, séi deen Debat iwwer de Katar verhënnere wollten.

"Dat war ee Fakt, jo leider, well déi aner sech do verblende gelooss hunn, well effektiv e puer Progrèse gemaach gi sinn an der Politik vum Katar, wat d'Aarbechter ubelaangt, well se de Pass net méi ewech geholl kréien, wéi an anere Länner. Mee dat geet alles net duer, an d'Majoritéit vun der Fraktioun huet dono gesot, mir mussen deen Debat féieren an déi Motioun matstëmmen."

Am November gouf dann och mat grousser Majoritéit een Text gestëmmt, an där d'Situatioun am Katar kritiséiert gëtt.

Haut um Dënschdeg soll an der Plenière zu Stroossbuerg een Debat iwwer déi ganz Affär gefouert ginn. D'Parlament wëllt och nach dës Woch eng Resolutioun stëmmen, an där éischt konkret Konsequenze kéinten annoncéiert ginn.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.