Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Everything Could Be Fine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU oneens iwwer nei Bäitrëttsverhandlungen

EU-Erweiderung

EU oneens iwwer nei Bäitrëttsverhandlungen

Albanien an Nord-Mazedonie goufen ufanks der Woch op en Neits vertréischt: D'EU-Ausseministeren hu keng gréng Luucht ginn, fir déi geplangten Bäitrëttsverhandlunge mat hinnen opzehuelen. Elo ass de Sujet Chefsaach ginn: Haut sollen d'Staats- a Regierungscheffe sech domat um EU-Sommet befaassen. Et ass virun allem Frankräich, dat blockéiert. An eng Ouverture ass bis elo net en Vue.

auto_stories

4 min

Fir d'Europäesch Kommissioun ass de Fall kloer: Déi zwee Kandidate fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn, erfëllen d'Konditioune fir Bäitrëttsverhandlungen opzehuelen. Decidéiere mussen dat awer d'Memberlänner, a si hunn dës Woch de Startschoss op en Neits opgeschuppt.

EU hält sech net un hir Verspriechen

Lëtzebuerg war dofir, endlech ee Schratt weiderzegoen, sot en Dënschdeg dozou den Ausseminister Jean Asselborn:

"Et ass deen drëtte Conseil a sechs Méint, datt mir als Lëtzebuerg mengen, op jiddwer Fall wat Mazedonien ugeet, datt si hir Aufgabe gemaach hunn. Et ass ee Land, dat säin Numm geännert huet, fir kënnen Negociatioune mat eis unzefänken. Si hunn de Statut zanter 2005."

D'EU hält sech also net un dat, wat si versprach huet. Den EU-Kommissär fir d'Erweiderung, de Johannes Hahn, konnt no der Reunioun vun den Ausseministeren en Dënschdeg seng Enttäuschung net verstoppen. Hien huet sech bei de Bierger an den zwee betraffene Länner entschëllegt: "Datt mir net capabel waren, een Accord ze fannen, war op en Neits kee glorräiche Moment fir d'EU", sou den Éisträicher.

Frankräich seet Nee

Frankräich ass dat Land, wat am meeschten Oppositioun mécht. Et misst een iwwer déi ganz Erweiderungsprozedur schwätzen, sou d'Argument.

Déi franséisch Staatssekretärin fir d'EU, d'Amélie de Montchalin, huet awer direkt no der Reunioun probéiert, de franséischen "Non" ofzeschwächen:

"Personne n'a dit non. La position francaise c'est qu'il y a une perspective européenne, il faut qu'on réforme le processus de négociation pour qu'il soit plus intéressant pour les citoyens. Les critères qu'on a fixés doivent pleinement être appliqués."

D'EU-Ausseministere si sech also net eens ginn. An et ass net sécher, datt dat sech ännert, wann elo den Debat eng Etage méi héich um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe geféiert gëtt.

D'Frustratioun bei deenen anere Memberlänner wier grouss, dat sot gëschter een EU-Diplomat. Et géif hei ee reelle Problem ginn, eng eenheetlech Positioun ze fannen. An et wier och net wierklech anzegesinn, wat een elo nach vun deene Länner verlaange soll, deenen een an Aussicht gestallt huet, EU-Member ze ginn.

Geféierlecht politescht Signal

"Eiser Beuerteelung no erfëlle si d'Kritären", hält och den Erweiderungskommissär Hahn fest. Et geet zu dësem Zäitpunkt just drëm, gréng Luucht ze gi fir d'Ouverture vun de Gespréicher ze preparéieren, präziséiert den Éisträicher.

An awer: Frankräich schéngt bei senger Meenung ze bleiwen. Et ass d'Recht vun engem Memberland seng eegen Evaluatioun iwwer d'Kandidatelänner ze maachen, sot dozou gëschter eng Source, déi no un der franséischer Regierung ass. Ganz eleng steet Frankräich net do. Op d'mannst wat Albanie betrëfft, huet och Holland Bedenke geäussert.

Sech elo net u seng Verspriechen ze halen, ass dat falscht politescht Signal, sou d'Warnung vum däitsche Staatsminister fir Europa, de Michael Roth, en Dënschdeg:

"Wenn es uns nicht gelingt die Präsenz im westlichen Balkan zu erhöhen, um dort möglichst schnell zu Rechtstaatlichkeit, Versöhnung und Demokratie zu kommen, dann wird dieses mögliche politische Vakuum von anderen Mächten gefüllt werden, die sicherlich wenig im Schilde haben mit Demokratie und mit Rechtstaatlichkeit."

De Sujet ass delikat, a wann op Chefniveau keen Accord fonnt gëtt, ass en et nach méi. Den EU-Kommissär lancéiert een Appell:

"Ech hoffen, datt d'Cheffen elo och Cheffe sinn an am Stand sinn, déi ganz Envergure ze gesinn an eng Léisung fannen, déi den Erwaardungen entsprécht."

"Sidd net déi, déi eis am Wee stinn, mee sidd eis Helden", sot e Mëttwoch den Zoran Zaev, Premier vun Nord-Mazedonien. "Hei steet d'Credibilitéit vun der EU um Spill". Hie war op Besuch beim Erweiderungs-Kommissär Johannes Hahn. Hie sot och, säi Land hätt scho vill gemaach a wier prett, méi z'ënnerhuelen, fir d'Konditioune fir EU-Member ze ginn, ze erfëllen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.