Radioen

On air

De Moien  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Länner stelle Reduktioun vu Pestiziden a Fro

EU-AGRARPOLITIK

EU-Länner stelle Reduktioun vu Pestiziden a Fro

Bis 2030 den Asaz vu Pestiziden ëm d'Hallschent ze reduzéieren, dat ass d'Zil wat d'EU-Kommissioun am Juni proposéiert huet. Verschidde Memberlänner geet dat ze wäit. Lëtzebuerg steet weider dohannert, freet awer, datt d'Europäesch Kommissioun Donnéeë noliwwere muss.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De russesche Krich an der Ukrain hätt d'Situatioun verännert an dat wier net genuch mat abezu ginn, schreiwen zéng Länner an oppene Bréif, iwwert dee gëschter d'Agrarminister aus de 27 EU-Länner diskutéiert hunn. Am Bréif, deen op eng Initiativ vu Polen zeréckgeet, stellen d'Signatairen d'Liewensmëttelsécherheet op den ieweschte Niveau. Och Éisträich, déi baltesch Staaten an Ungarn hunn ënnerschriwwen.

Kritik: Konsequenze vum Krich mat abezéien

D'Impakt-Etude vun der Europäescher Kommissioun gräift ze kuerz an huet de Krisen wéi d'Pandemie oder dem Krich an der Ukrain net Rechnung gedroen, sou den éisträichesche Minister Norbert Totsching wärend der Sitzung vun den EU-Agrarministeren dësen Méindeg zu Bréissel.

Och am Europaparlament gëtt d'Ambitioun, den Asaz vu Pestiziden em d'Hallschent erofzesetzen a Fro gestallt, ënner anerem vum President vun der Agrarkommissioun, dem däitschen CDU-Politiker Norbert Lins.

Lëtzebuerg steet hannert der Reduktioun vu 50 % bis 2030

Lëtzebuerg hält iwwerdeems weider doru fest, sot eis gëscht Owend de Landwirtschaftsminister Claude Haagen.

"Da hu mer schonn am Juni um Agrarconseil gesot, a mir wäerten och weider zu deene Ziler stoen."

De Grand Duché wier den Ament och "gutt opgestallt, dat Zil ze erreechen", sou de Minister. Der Demande un d'Europäesch Kommissioun, weider Donnéeën ze liwweren schléisst sech den LSAP-Politiker awer un. Et wier wichteg, Zuelen doriwwer ze kréien, wéi vill effektiv manner produzéiert gouf an ëm wéi vill d'Käschten an d'Luucht goungen.

EU-Kommissioun weist sech kompromëssbereet

Et géif ee sech och genee ewéi aner Länner dofir asetzen, datt Efforten, déi scho gemaach goufen mat an d'Rechnung vun den agesaten Pestiziden abezu ginn. "Ech mengen, dat wier normal, vis-à vis vun de Länner, déi nach näischt gemaach hunn, oder déi esou guer dergéint sinn, eppes ze ënnerhuelen", sou de Claude Haagen.

Kritik gëtt et och um administrativen Opwand, deen déi nei Direktive bedeite géif. D'EU deelt sech den Ament op an zwou Gruppe vu Länner, sot den däitschen Agrarminister Cem Özdemir.

"Den einen passt die ganze Richtung nicht, den anderen geht's darum, jetzt praktische Lösungen zu finden."

Et wier een op, un der Propos ze schaffen huet iwwerdeems d'Kommissioun no der Sitzung gëscht betount.

Et wier keng Propose "à prendre ou à laisser", ma "mir si prett, viabel Solutiounen a Kompromësser ze fannen, fir dat gemeinsaamt Zil, Chemikalien an de Liewensmëttel ze reduzéieren, ze erreechen", sot déi zoustänneg EU-Kommissärin Stella Kyriakides.