Et ass eppes woufir sech Ëmwelt- oder Drëtt-Welt-ONGen zënter Joren asetzen: een europäescht Gesetz, wat dofir suergt, datt Hiersteller drop oppasse mussen, datt Mënschenrechter oder Ëmwelt-Standarde bei de Produiten, déi verschafft ginn, musse respektéiert ginn. Déi sou genannten "Liwwerketten"-Direktiv soll genee dofir suergen - an zwar an der ganzer EU.
Ville Länner geet d'Propos, déi d'Europäesch Kommissioun am Februar gemaach huet, am Allgemengen ze wäit. Haaptsträitpunkt bei der Reunioun vun den zoustännege Ministeren en Donneschdeg war awer d'Fro, wéi de Finanzsecteur soll behandelt ginn. Frankräich hat fir Konfusioun gesuergt a sech um Enn dofir agesat, datt de facto de ganze Secteur aus der Direktiv erausgeholl gëtt. Domat awer waren anerer guer net d'accord.
Kompromëss: All Land soll selwer decidéieren
De Kompromëss, deen um Enn festgehale gouf, léisst elo de Länner d'Wiel, wéi den Tschechen Handelsminister Jozef Sikela am Numm vun der EU-Presidence explizéiert huet. Et bléif deemno "all eenzel Memberlänner selwer iwwerlooss, Finanzservicer an d'Direktive mat eranzehuelen, wann déi an national Gesetzer ëmgesat gëtt."
Eng Propose, déi Lëtzebuerg eigentlech net gefält, huet de Fabien Raum, de Lëtzebuerger Representant permanent adjoint bei der EU, gëschter am Débat publique kloer gestallt.
"Car nous craignons qu'elle sera la source d'une fragamentation du marché unique. Nous aurions préféré une application uniforme et cohérente des obligations."
Fonge géifen net ënnert d'Direktiv falen
Um Enn war Lëtzebuerg awer fir dee Kompromëss. Gehollef huet bestëmmt, datt een Haaptwonsch vum Grand Duché erfëllt gouf, nämlech deen, d'Fongen aus dëser Fongen erauszehalen. Dofir hat sech d'Regierung am Virfeld ausgeschwat an déi ginn effektiv elo an der Lëscht vun den Aktivitéiten am Kompromëss-Text net opgezielt.
Dat alles ass awer nach laang net a Stee gemeesselt. Eens gi musse sech d'Memberlänner um Enn mam Europaparlament, wat den Ament am gaangen ass iwwert seng Positioun ze verhandelen.
Europaparlament: Positioun steet nach net fest
Ze erwaarden ass, datt d'Parlament méi wäit goe wëll. Bei de Finanzservicer ginn d'Meenungen awer och hei auserneen. Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel hätt zum Beispill gären datt dee ganze Finanzsecteur ënnert d'Direktiv fält.
"Ech sinn iwwerzeegt, datt dee ganze Finanzsecteur misst ënnert d'Direktiv falen. Well ech schwätze jo och reegelméisseg mat Acteuren aus dem Finanzsecteur, och zu Lëtzebuerg. A so soen eis, datt si bereet sinn, déi respo0nsabilitéiten ze huelen."
Verkéiert Parteie-Welt: Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen ass op der Linne vun der blo-rout-grénger Regierung, a fënnt, dat op alle Fall d'Fonge sollten net ënnert déi Direktiv falen.
"Ech denken, datt d'Fonge sollten erausgehale ginn, well ech der Meenung sinn, datt an der Praxis net kontrollabel ass. Mir verhënneren doduerch dat Investitioune kënne getätegt ginn, aus engem Precautiouns-Prinzip vun den Acteuren."
Dat entsprécht och der Linne vu senger Fraktioun, déi vun der Europäescher Vollekspartei, där gréisster am Europaparlament, wou elo virun diskutéiert gëtt.
Et wäert wuel bis am Fréijoer d'nächst Joer dauere bis d'Parlament sech eens ass an dono fänken dann d'Gespréicher mat de Memberlänner un, fir bei dëser Direktiv op een Nenner ze kommen.