Radioen

On air

Espresso Beats  |  Kasabian - Heroes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun wëll méi staark Gewerkschaften

EU-SOZIALDIALOG

EU-Kommissioun wëll méi staark Gewerkschaften

An den europäesche Länner sinn ëmmer manner Leit Member an enger Gewerkschaft. Och d'Zuel vun de Salariéeën, déi duerch ee Kollektivvertrag ofgedeckt sinn, ass vu 66 Prozent am Joer 2000 op 56 Prozent am Joer 2019 erofgaangen. D'EU-Kommissioun mécht een Appell un d'Memberlänner fir de sozialen Dialog ze stäerken.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / eamesBot

Eng gutt Zesummenaarbecht vun de Sozialpartner ass wichteg fir d'Kompetitivitéit vun der europäescher Ekonomie, esou sot e Mëttwoch de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, de Valdis Dombrowskis:

"Dat war a Länner mat engem gutt etabléierte Sozialdialog an enger héijer Couverture vu Kollektivverträg de Fall. D'Pandemie an och fréier Finanzkrisen hunn dat gewisen."

De Sozialdialog an der EU soll also gestäerkt ginn, esou d'Kommissioun an enger Recommandatioun un d'Memberlänner. "Well d'Stabilitéit an de Länner largement dovun ofhänkt", erkläert den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales.

An der EU goufe bis elo an 43 Secteure Kommissioune fir ee sozialen Dialog etabléiert. Dat betrëfft, esou den Nicolas Schmit, 185 Millioune Salariéeën a sechs Milliounen Entreprisen.

Manner Memberen an de Gewerkschaften

D'Zuel vun de Leit an der EU, déi gewerkschaftlech organiséiert ginn, geet zeréck.

Dem Chiffer vun der Kommissioun no, läit de Grand-Duché am europäesche Verglach am ieweschte Mëttelfeld. Am Joer 2000 waren zu Lëtzebuerg eppes iwwer 40 Prozent Member an enger Gewerkschaft, 18 Joer dono waren et nach knapps 30 Prozent.

Dee nämmlechten Trend stellt d'Kommissioun bei deene Salariéeë fest, déi duerch ee Kollektivvertrag ofgedeckt sinn. Hei huet d'Couverture a verschiddene Länner, wéi beispillsweis a Rumänien, dramatesch ofgeholl. Awer och a Schweden ass de Prozentsaz vun 100 am Joer 2000 op eppes iwwer 70 Prozent gefall. Zu Lëtzebuerg ass mat engem Prozentsaz vu 60 Prozent nach Loft no uewen, betount den EU-Kommissär.

Nicolas Schmit: De Gewerkschafte keng Steng an de Wee leeën

Déi europäesch Ekonomie huet sech verännert. Wichteg wier et, datt d'Gewerkschaften an nei Secteuren erakommen, an dat hinnen do vun den nationale Regierunge keng Steng an de Wee geluecht ginn, esou den Nicolas Schmit:

"Dozou gehéieren zum Beispill Reegelen, ob een Accès huet an eng Entreprise, wéi eng Gewerkschaft sech kann an enger Entreprise presentéieren. Dat ass net iwwerall garantéiert. Also och do insistéiere mir, datt d'Recht sech ze organiséiere muss garantéiert sinn an all Memberstaat."

Zil wier et net, déi verschidde Sozial-Systemer gläichzeschalten. Bréissel weess, datt een op deem Gebitt de Memberlänner näischt virschreiwe kann. Et géif een trotzdeem erwaarden, datt d'Länner aktiv ginn, esou den Lëtzebuerger LSAP-Politiker:

"Et ass eng Recommandatioun, datt heescht awer net, do brauch een näischt ze maachen. D'Memberlänner solle scho probéieren dat ëmzesetzen. Et ass och ee Follow-up geplangt mat de Memberstaate respektiv de Sozialpartner, fir ze kucken, wat huet sech verbessert, wéi kann een dat besser maachen?"

Plainte géint Mindest-Loun-Direktiv

Verschidde Länner hu prinzipiell Problemer, fir sech a soziale Froen an d'Kaarte kucken ze loossen. Dänemark a Schweden hu Wëlles, géint déi viru kuerzem adoptéiert Direktiv iwwer een europäesche Mindestloun ze kloen. Dat wier hiert gutt Recht, esou d'Reaktioun dorop vum EU-Kommissär:

"Éier mir déi Direktive gemaach hunn, hu mir d'Service juridiques vum Conseil a vum Parlament kontaktéiert. Si hu keng Problemer gesinn. Lo musse mir kucken, wat d'Cour de Justice äntwert."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.