Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun: Mindestakommes mussen ugepasst ginn

EU-SOZIALPOLITIK

EU-Kommissioun: Mindestakommes mussen ugepasst ginn

D'EU-Kommissioun appelléiert un d'Memberlänner d'Niveaue vum Mindestakommes un déi aktuell Situatioun ze adaptéieren. Bréissel wäert ee Monitoring maachen, sou den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, Nicolas Schmit. Hie reagéiert och op d'Resultat vun der Tripartite.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Recommandatiounen, déi d'EU-Kommissioun un d'Memberlänner mécht, sinn net verbindlech. Eng Direktiv, wéi se de Nicolas Schmit am Fall vum Mindestloun op den Dësch geluecht huet, hätt hei Bréissel méi ee groussen Hiewel ginn.

D'Traitéë vun der EU setzen hei awer Limitten, seet den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales:

"Vill Leit hate sech eng Direktiv erwaart, mee mir kennen nëmmen dat proposéieren, zu deem mer iwwer d'Verträg habilitéiert sinn, ze proposéieren."

Bis 2030: 15 Millioune Leit manner an der Aarmut

94 Millioune Leit an der EU liewen am Risiko vun der Aarmut. D'Kommissioun appelléiert un d'Länner bis 2030 d'Mindestakommes esou unzepassen, datt op d'mannst 15 Millioune manner Leit am Risiko vun der Aarmut liewe mussen.

"Momentan ginn déi 27 Länner an der Moyenne 0,42 Prozent vun hirem Bruttosozialprodukt fir Minimum-Akommes aus. Dat ass net besonnesch vill."

Do soll elo vu Bréissel aus ee Monitoring gemaach ginn.

"Et ass net esou, datt mer eng Recommandatioun maachen an da kucke mer ewech, do gëtt elo ee Prozess engagéiert, wou d'Länner musse kucken, datt se hir Systemer adaptéieren, den Niveau vun den Akommes adaptéieren, besonnesch elo, wou d'Präisser dovu lafen."

Holland ass den Ament dat eenzegt Land, wat ee Mindestakommes huet, deen iwwer der Aarmutsgrenz läit. A véier Länner, nämlech Lëtzebuerg, Dänemark, Italien an Irland läit d'Mindestakommes bei 80 Prozent vun der Aarmutsgrenz.

Nicolas Schmit: Reduktioun um Energiepräis u Verbrauch koppelen

Duerch déi aktuell Kris géif de Risiko bestoen, datt déi sozial Ongläichheeten an den EU-Memberlänner méi grouss ginn, sou nach den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales.

Op d'Fro, wat hien da vun deenen net selektive Lëtzebuerger Mesuren hält, déi elo an der Tripartite decidéiert goufen, sot de Nicolas Schmit: et wier net un der Kommissioun de Länner virzeschreiwen, wat si maache sollen. Allerdéngs:

"Et ass vläicht eng Iddi fir ze soen, datt jiddwereen e gewëssenen Niveau vu Consommatioun zegutt huet, op deem een eng Ristourne oder eng Reduktioun vum Präis kritt. A wann een iwwer deem läit, well een en Auto huet, deen 18 Liter op 100 Kilometer brauch, oder wann ee Piscine oder aner Saachen huet, déi een héijen Energieverbrauch hunn, da muss een dat selwer droen. Dat ass eng Approche, déi jo och a ville Länner an d'Diskussioun kënnt."