Martine Reicherts iwwerhëlt Portefeuille vun EU-Justizkommissärin Reding

D’Martine Reicherts soll an der EU-Kommissioun bis November de Portefeuille Justiz, Grondrechter an Citoyennetéit vun der CSV-Politikerin Viviane Reding iwwerhuelen. Fir hier Aarbecht als Interimskommissärin ze preparéieren hat d’Martine Reicherts zu Stroossbuerg eng Entrevue mam Nach-EU-Kommissiounspresident Manuel Barroso.  Als Justizkommissärin ass sie an de nächste Méint ënnert anerem dofir zoustänneg, déi komplizéiert Verhandlungen iwwert dat neit europäescht Dateschutzreglement virun ze bréngen.

D'Generaldirektesch vun der Europäescher Publikatiounsagence wëll ee “congé sans solde” ufroen, soubal sie no der Auditioun am Europaparlament de 14. Juli effektiv als EU-Kommissärin ernannt gëtt. Wéi et an hirem Beruffsliewe weider geet, wann dann am November de Jean-Claude Juncker effektiv sollt säin Amt als EU-Kommissiounspresident untrieden, hätt sie nach net decidéiert, sou d'Martine Reicherts. Déi 58 Joer al fréier Pressespriecherin vum EU-Kommissiounspresident Jacques Santer ass zënter 1981 Member an der LSAP.

Weider Detailer am Interview:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen