EU-Geriichtshaff verwerft Klo vu Groussbritannie géint Finanz-Transaktiouns-Steier

Den europäesche Geriichts-Haff huet de Moien de Recours vu Groussbritannien verworf, géint déi verstäerkt Kooperatioun vun 11 EU-Member-Staaten, déi eng Finanz-Transaktiouns-Steier aféiere wëllen. D’Argumenter vu Groussbritannien fale flaach, well et den Ament nach kee rechts-kräftegen Text iwwert déi ëmstridden Transaktiouns-Steier gëtt, mee just eng Décisioun vum Conseil, déi di 11 EU-Länner autoriséiert an deem Beräich ze cooperéieren.

Eng nei Klo vu Groussbritannien virun der europäescher Justiz ass deemno méi wéi wahrscheinlech, soubal d’Directive iwwert déi ëmstridde Steier ugeholl gëtt. Den deemolege Finanzminister Luc Frieden hat am Mäerz 2012 ugekënnegt, dass och Lëtzebuerg offiziell géint d’Aféierung vun där Taxe ass, et sief dann se géing weltwäit agefouert ginn.

De Bäitrag vum Gil Goebbels:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen