Radioen

On air

9 bis 1  |  Cassandra Jenkins - Clams Casino

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Gaspräisdeckel: Ëm wat et haut geet

EU-ENERGIEMINISTEREN

EU-Gaspräisdeckel: Ëm wat et haut geet

D'Energieministeren aus de 27 EU-Länner musse sech haut eens ginn, iwwer ee System fir een Deckel um Gaspräis. Dat gouf um EU-Sommet esou decidéiert. Nach ass ee sech awer net iwwer alles eens.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Déi lescht Woch kruten d'Energieministeren aus de 27 EU-Länner eng Hausaufgab vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, déi si haut um Méindeg mussen ofliwweren: Op hirer Reunioun zu Bréissel musse si sech endlech eens ginn iwwer ee System, fir de Gaspräis ze deckelen. Dat gouf esou um EU-Sommet en Donneschdeg festgehalen.

Nach ëmmer sti sech awer déi Länner, déi onbedéngt esou een Deckel wëllen an déi, déi virun onerwënschten Niewewierkunge warnen, géintiwwer.

Lëtzebuerg kee Fan vun engem Deckel um Gaspräis

Lëtzebuerg tendéiert éischter op déi zweet Säit. De Grand Duché war an de leschte Verhandlunge virsiichteg, wat een Deckel vum Gaspräis ugeet. D'Positioun vun der Regierung stéing nach net genee fest, hat den Energieminister Claude Turmes Enn November am 100,7-Interview gesot.

Och de Xavier Bettel wollt sech nom EU-Sommet en Donneschdeg en vue vun engem Deckel fir de Gaspräis net direkt festleeën.

"Do ass eben d'Diskussioun, wann et ze niddereg ass, mir de Risiko hunn, datt mir net beliwwert ginn a wann et ze héich ass, da verschidden aner Leit soen, da bréngt et näischt, dofir muss een dee richtegen Equiliber fannen."

D'Angscht, datt een nidderegen Deckel d'Gaslieferanten ofschreckt a si um Enn Net-EU-Clientë virzéien, gouf virun allem vun Däitschland betount. Awer och de Claude Turmes huet ëmmer nees drop higewisen. Grad Lëtzebuerg, ouni eege Gas-Ressourcen, wier drop ugewisen, datt d'Gas weider fléisst.

EU-Sommet: Divergenze goufen ofgebaut

Um Sommet wier ee sech méi no komm, huet et en Donneschdeg den Owend geheescht.

"Wir sind auf diesem Weg deutlich vorangekommen", sou den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz. Virun allem hätt ee festgehalen, datt et Garantië muss ginn, déi dofir suergen, datt de Marché net zesummebrécht.

Geplangt ass kee feste Plaffong, mee een Deckel, deen eréischt da gëllt, wann de Präis wärend enger bestëmmten Zuel vun Deeg iwwer enger virdrun definéierter Limitt läit. Weder op der Zuel vun den Deeg, nach op där Limitt ass ee sech bis elo eens.

Nach ëmmer verschidde Chiffere fir Deckel am Gespréich

D'Propos vun der Kommissioun vun engem Plaffong vun 275 Euro pro Megawatt-Stonn gouf verworf. D'Supporter vum Deckel, wéi d'Belsch, Frankräich oder Spuenien, wéilten dee gäre méiglechst niddereg usetzen, d'Géigner am Contraire setze sech fir een héije Plaffong an.

An de Conclusioune vum EU-Sommet goufe keng Chiffere festgehalen. Verschiddene Medien no wier Däitschland prett, een Deckel vun 200 Euro pro Megawatt-Stonn ze akzeptéieren. Spuenien awer zum Beispill schwätzt vun 160 Euro.

Bis ee Méindeg den Owend muss eng Léisung um Dësch leien. Dat hunn d'Staats- a Regierungscheffen esou schrëftlech festgehalen.