Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Culture The Kid - Bmw Golf

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Experten: Schroost Dréchent zanter 500 Joer

Dréchent an Europa

EU-Experten: Schroost Dréchent zanter 500 Joer

Am August ass d'Situatioun an Europa ronderëm d'Dréchent deels méi schlëmm ginn, esou deen neisten EU-Rapport vum zoustännege Service d'urgence. Zu de 15 Länner, fir déi de Risiko an d'Luucht goung, gehéiert och Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

D'Kaart vum europäeschen Observatoire fir d'Dréchent gesäit och am August dramatesch aus. Bal d'Hallschent vun Europa, dorënner Lëtzebuerg, ass orange gefierft - an ee gudde Deel virun allem am Süden, mee och a Groussbritannien ass donkelrout.

Canicullen a Manktem u Reen

De Johannes Bahrke, Spriecher vun der Europäescher Kommissioun, erkläert, wat dat bedeit:

"Fir 47 Prozent gëllt weider eng Warnung, dat heescht datt et manner reent an de Bueden ze dréchen ass. Fir 17 Prozent gëlt eng "Alerte", hei weist d'Vegetatioun schro Schied wéinst der Dréchent op."

Ursaach ass de Manktem u Reen an Canicullen, déi zanter Mee undaueren. Vill Flëss an Europa wiere betraff, esou de Rapport.

Verschidde Regiounen hätte sech wuel e bëssen erholl, heescht et am Rapport vum Europäeschen Observatoire. Dozou gehéiert de Süden vun der Tschechescher Republik, de Norde vun Éisträich a verschidde Regiounen am Zentrum vu Frankräich. Am schlëmmste betraff sinn déi Géigenden, déi schonn am Fréijoer ënner staarkem Waassermangel gelidden hunn: Nord-Italien, Süd-Frankräich a verschidde Regiounen an Ungarn a Rumänien.

64 Prozent vum Territoire an Europa betraff

Fir iwwer d'Hallschent vum Territoire gëllt awer weider een Alarmzoustand.

D'Dréchent huet Repercussiounen op d'Waasserkraftwierker an d'Killsystemer fir Energie-Zentralen. D'Previsioune fir d'Landwirtschaft goufe weider verschäerft.

"Dat exzeptionell waarmt an dréchent Wieder suergt weider dofir, datt d'Previsioune fir Recolte reduzéiert musse ginn. Eise Wëssenschaftler no sollen d'Wiederkonditiounen am Weste vun der Mëttelmier-Regioun bis November esou bleiwen", esou den Kommissiounsspriecher. Virun allem fir Mais, Sojabounen an Sonneblummen ass mat seriöen Abousse bei de Recolten ze rechnen.

"Et kéint sech hei ëm déi schroosten Dréchent zanter 500 Joer handelen, dat muss awer um Enn vun der Saison confirméiert ginn."