Radioen

On air

9 bis 1  |  SHOSTAKOVICH, DMITRI - Symphony Nø15 In A-Dur, Op.141 Allegretto - Söderström/Wenkel/Karczykowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Energieministeren eenege sech op Gaspräisdeckel

Energie

EU-Energieministeren eenege sech op Gaspräisdeckel

D'Energieministeren aus de 27 EU-Länner si sech eens ginn iwwert ee Plaffong fir de Gaspräis am europäesche Grousshandel. Wa bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn, soll dee Präis op 180 Euro pro Kilowattstonn gedeckelt ginn.

auto_stories

3 min

Den Accord seet, datt wann de Präis dräi Deeg laang iwwer 180 Euro pro Megawatt-Stonn läit, dee Plaffong a Kraaft triede kann. Mat Betounung op "kann", well et goufen eng Partie Sauvegarden agebaut am Accord. An déi waren dem Lëtzebuerger Energieminister besonnesch wichteg.

Deckel trëtt nëmmen ënner bestëmmte Konditiounen a Kraaft

Et geet net nëmmen ëm de Plaffong, erkläert de Claude Turmes:

"Dat ass just ee Parameter. Een aneren ass wichteg: Wat ass, wann et eng schlecht Entwécklung gëtt, kann een dann dat Ganzt nees réckgängeg maachen? An do hu mer elo méi Garantie kritt."

Eng ganz Partie Länner, dorënner och Lëtzebuerg, waren éischter skeptesch par Rapport zu engem Deckel um Gaspräis.

Um Enn hätt hien awer dofir gestëmmt, well eng Partie Garantië virgesi sinn, fir de Fall, datt de System net esou funktionéiert, wéi dat erwënscht ass, sot zu Bréissel den Energieminister Claude Turmes. Den Deckel soll zum Beispill net a Kraaft trieden, wann den europäesche Präis fir Gas ze wäit ënner deem vum internationale Marché läit:

"Firwat ass dat wichteg? Dat heescht datt wann ee Schëff ënnerwee ass, datt et dann an Europa kënnt, well mir bësse méi bezuele wéi zum Beispill d'Asiaten. Dat ass een zweete Parameter, dee sécherstellt, datt déi LNG-Tanker an Europa kommen. Dat ass ee vun de Grënn, firwat ech dann och elo mat der Mesure d'Accord sinn."

Holland bleift skeptesch

De System soll am Februar a Kraaft trieden. Bis dohi soll d'Europäesch Kommissioun den Impakt vun der Mesure nach eng Kéier studéieren an eventuell Ajustementer maachen.

Dat ass déi falsch Reiefolleg, seet den hollänneschen Energieminister Rob Jetten Hien huet sech genee ewéi seng éisträichesch Kolleegin beim Vott enthalen, a mécht sech Suergen iwwer d'Auswierkunge vum Deckel op d'Finanzmäert:

"Verschidden Experte vun der Europäescher Zentralbank an national Beroder hunn eis virun engem potentielle finanziellen Impakt gewarnt an datt et gutt wier, den Iwwerbléck ze hunn, éier datt de Mechanismus applizéiert gëtt."

De Claude Turmes huet Versteesdemech fir déi Positioun, seet awer, d'Lëtzebuerger Finanzplaz wier hei manner implizéiert. Mat de Garantien, déi elo do sinn, wier dovun auszegoen, datt et keen negativen Impakt op d'Finanzplaz gëtt.

Lëtzebuerg setzt weider op d'Belsch

Um Enn bleift iwwereg, datt et nach net ganz kloer schéngt wéini genee dat Instrument a Kraaft triede géif an datt vu ville Säite ganz einfach gehofft gëtt, datt et net dozou kënnt.

Den Accord iwwer d'Konditiounen zesumme Gas anzekafen, a sech deemno net méi ënnerenee Konkurrenz ze maachen, wier dowéinst op d'mannst esou wichteg wéi den Deckel um Gaspräis, esou de Claude Turmes. Lëtzebuerg kéint do weider op d'Belsch setzen, dovun ass de grénge Politiker iwwerzeegt. Och wann et bis dohi kee bilateralen Accord mam Noper gëtt.