Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 26 EU-Länner nach net prett

EU-Dateschutz-Reglement

26 EU-Länner nach net prett

Vun Enn Mee u gëllen an der EU nei Dateschutz-Reegelen: Den eenzele Bierger kritt méi Rechter iwwert d'Donnéeën, déi iwwert hie gespäichert goufen. D'Donnéeën däerfen net weider verschafft ginn, wann déi betraffe Persoun net domat averstanen ass. Bis elo sinn awer just zwee Länner an der EU prett, fir déi nei Reegelen ëmzesetzen. Lëtzebuerg gehéiert net dozou, wäert sech awer un den Delai halen, seet de Justizminister Félix Braz.

auto_stories

3 min

Déi nei Reegele goufe virun zwee Joer ënnert der Lëtzebuerger Presidence tëscht den nationale Regierungen, der Europäescher Kommissioun an dem Europaparlament ausgehandelt. Dorop ass de Lëtzebuerger Justizminister Félix Braz houfreg. Am 100,7-Interview schwätzt hie vun engem "grousse Worf" a vun de "schäerfste Reegelen, déi et weltwäit gëtt".

Lëtzebuerg och nach net esou wäit

D'Reegele mussen awer nach ëmgesat ginn, och zu Lëtzebuerg. D'Dateschutz-Reglement trëtt nämlech de 25. Mee a Kraaft. Well et sech ëm ee Reglement handelt, muss et net virdru vun de Memberstaate ratifizéiert ginn.

D'Länner mussen awer déi entspriechend Gesetzer virdru prett hunn. Dat hunn den Ament awer just déi däitsch an déi éisträichesch Regierunge gemaach. "Ech appelléieren un d'Regierungen, sou séier wéi méiglech hei drun ze schaffen", sot virun dräi Wochen d'EU-Kommissärin Vera Jourova.

Zu Lëtzebuerg leien déi respektiv Gesetzreformen an der zoustänneger Chamberkommissioun. D'Dateschutz-Kommissioun huet hiren Avis schonn am Dezember ofginn, d'Chambre de Commerce huet dat déi lescht Woch gemaach.

Méi Dateschutz gëtt méi deier

Déi nei Reegele kéinte mat Sécherheet dozou bäidroen, datt dat néidegt Vertrauensklima hiergestallt ka ginn, fir datt sech déi digital Ekonomie entwéckele kann, stellt d'Chambre de Commerce fest.

D'Handelskammer beklot sech awer, datt d'Geldstrofen, déi am neie Gesetz virgesi sinn, ze héich wieren. D'Chambre de Commerce weist och drop hin, datt duerch d'Reform méi e grousse Verwaltungsopwand op d'Entreprisen zoukënnt. Dowéinst géifen zousätzlech Käschten entstoen an et misst méi Personal agespaant ginn.

Ähnlech reagéiert d'Wirtschaft op europäeschem Niveau. Op enger Reunioun mat den zoustännegen EU-Kommissären hu Vertrieder vu klengen a mëttleren Entreprisë virun zwou Wochen drop gepocht, si bräichte méi Zäit.

Entreprisë sinn och nach net prett

Et wier bal surreal unzehuelen, datt d'Entreprisë bis de 25. Mee prett wieren, wann de Gros vun de Memberstaaten déi néideg Gesetzer nach net virgeluecht hunn, sou d'Argument. Vill Zäit bleift och zu Lëtzebuerg net méi, dat gëtt de Félix Braz zou. "Mir missten dat awer packen", sou de Justizminister.

De Félix Braz huet och den ekonomesche Volet vun den neie Reegele betount. E besseren Dateschutz wier d'Viraussetzung fir eng "Daten-Ekonomie". Wann d'Leit d'Gefill hätten, hir Donnéeë wiere sécher, wiere si och éischter domat averstanen, datt si zum Beispill an der Fuerschung agesat ginn.

Dateschutz a Fräihandelsaccorden?

Déi nei Reegele sollen iwwerdeems net nëmme bannent der EU gëllen, mä och doriwwer eraus. Datt dat zu Konflikter féiert, ass net nei. Ganz aktuell ass ee Fall an den USA. D'Firma Microsoft soll vun den amerikaneschen Autoritéite forcéiert ginn, Donnéeën, déi an Europa stockéiert goufen, erauszeginn.

D'EU wiert sech dogéint an huet zesumme mat Microsoft virum ieweschten amerikanesche Geriicht geklot. D'Fro, wéi den Dateschutz zum Beispill a Fräihandelsaccorden tëscht der EU an Drëttlänner soll applizéiert ginn, ass och nach net gekläert.

D'Kommissioun hat hir Positioun an engem Communiqué Enn Januar matgedeelt. Well et sech hei ëm ee fundamentaalt europäescht Recht handelt, kéint den Dateschutz net vu Verhandlungen am Kader vun engem Handelsaccord a Fro gestalt ginn, heescht et do. Den Dialog iwwert Dateschutz mat Drëttlänner kéint parallel zu de Verhandlungen iwwert een Handelsaccord gefouert ginn, déi zwou Saache sollten awer vunenee getrennt sinn.