Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Artaban - Jeans En Cuir

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU: bal keng gréng Flecke méi

CORONA-PANDEMIE

EU: bal keng gréng Flecke méi

Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och a villen anere Länner an der EU ginn nei Rekorder vun den Neiinfektioune gebrach. Wéi gëtt dorop reagéiert? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

2 min

Wann een op déi neiste Versioun vun der Kaart kuckt, déi d'Europäesch Agence fir Krankheetspreventioun zanter där leschter Woch publizéiert, da gesäit ee kloer an däitlech: et si bal keng gréng Zone méi do drop. Dat war schonn déi lescht Woch esou, mee elo sinn et der nach manner.

Zum Beispill ass a ganz Däitschland kee grénge Fléck méi, och net an Italien, wou déi lescht Woch de Süden nach gréng war. Déi eenzeg Länner, déi zimmlech stabel sinn, sinn Norwegen a Finnland an Deeler vu Griichenland.

Fir gréng ze sinn, brauch een en Taux d'incidence vun ënner 25 Fäll op 100.000 Awunner an de leschten zwou Wochen, dat ass eppes, wouvun déi allermeescht just nach dreeme kennen. Lëtzebuerg läit bei iwwer 400, dee Chiffer huet sech zanter där leschter Woch verduebelt.

Wéi reagéieren d'EU-Länner dorop? D'EU wollt weider Efforte maachen, fir Mesurë besser ënnereneen ze koordinéieren. Wéi gesäit et domat aus? A kritt d'EU elo méi Kompetenzen am Gesondheetsberäich?

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.