Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etüd iwwer Racial Profiling eescht huelen

Rassismus

Etüd iwwer Racial Profiling eescht huelen

Afro-descendante gi siwe Mol méi dacks op der Strooss vun der Police kontrolléiert ewéi déi aner. Dat huet eng rezent europäesch Etüd gewisen. Och zu Lëtzebuerg gëtt et deemno déi diskriminatoresch Praxis vum Racial Profiling. Déi nei Donnéeë mussen eescht geholl ginn an e Suivi kréien, fënnt d'Isabel Scott.

auto_stories

2 min

D'Police seet, datt si d'Problematik vum Rassismus um Radar huet, dat mat Formatiounen oder mat engem Deontologieskodex, an deem Impartialitéit festgehale gëtt.

Dat ass en éischte Schrëtt, mee et geet net duer. Datt ee beispillsweis och duerch eng geziilte Rekrutementspolitik en diverse Police-corps huet, ass och kee mageschen Trick fir den toxesche Phenomeen vum Rassismus bannent Institutiounen ze ënnerbannen.

Et sinn nämlech net nëmmen eenzel Persounen, déi fir Rassismus verantwortlech sinn, mee e kann och innerhalb vun de Strukture sinn. Dat mécht e méi schwéier ze erkennen. Dowéinst geet et drëms déifgrënneg ze analyséieren, wéi et dozou kennt, datt Prozesser, Mechanismen an Interventiounen, wéi ebe Policekontrollen op spezifesch Populatiounsgruppen negativ Konsequenzen hunn, déi se fir anerer net hunn.

D'Sécherheetsgefill vu verschidde Leit

Afro-Descendanten hunn eng kollektiv, joerzéngtelaang schwiereg Erfarung mat der Institutioun vun der Police. A wann d'Etüd beleet, datt zu Lëtzebuerg zwee vu fënnef Afro-Descendanten d'Gefill hunn Affer vu Racial profiling ze sinn, wäert et hiert eege Sécherheetsgefill wuel kaum verbesseren, wa méi Policepatrullen an hirem Quartier zirkuléieren.

An de sougenannte Sécherheetsdebatte geet et ëm d'Séchheetsgefill vu verschidde Leit, net onbedéngt vu jiddwerengem. Dowéinst: wann d'Etüd nëmmen e Brochdeel vun der Opmierksamkeet kréich wéi d'Debatte ronderëm d'Sécherheetsgefill an der Staat, da kéint ee vläicht hoffen, datt sech eppes deet fir d'Praxis vum Racial profiling seriö unzegoen.

Policekontrollen dokumentéieren

E weideren Enjeu ass, wéi d'Police d'Vertrauen an dës Communautéit wëllt hierstellen a stäerken. Se kann dat andeems se ufänkt méi Donnéeë festzehalen an och op Facteure wei d'Ethnie opzeschlësselen. D'Europäesch Agence fir Fundamental Rechter recommandéiert - ironescherweis op enger brittescher Best practice baséierend (der Police hir "Stop and Search" Pouvoire sinn héich kontrovers) - fir sämtlech Policekontrollen ze dokumentéieren, net just déi, wou eng Infraktioun festgestallt gëtt.

Dat kéint esou ausgesinn: bei enger Kontroll mécht d'Police en Ticket wou Datum, Zäit, Platz, Personalien an de Motiv fir d'Kontroll notéiert ginn. Domat kann d'Police selwer hir Interventiounen op Effizienz iwwerpréiwen: wéi vill Policekontrollen hunn eng Infraktioun festgestallt?

An déi kontrolléiert Persoun huet e Beweis, datt se kontrolléiert gouf. A wa se d'Gefill huet, datt d'Kontroll just op ethnesche Krittäre geschitt ass, huet se d'Méiglechkeet fir dat ze mellen, mat engem Beweis. Eng penal Enquête ass domadder awer nach ëmmer net méiglech. Racial Profiling steet nämlech net am Code Pénal.