Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ettelbréck: Spidol sicht d'Gespréich mat demissionäre Kardiolog:innen

CHdN

Ettelbréck: Spidol sicht d'Gespréich mat demissionäre Kardiolog:innen

Den Direkter vum Ettelbrécker Spidol weist sech "iwwerrascht" vun den Demissioune vu sechs Kardiolog:innen. Déi concernéiert Dokteren hätten hir Onzefriddenheet ni signaliséiert. Elo wëllt een zesummen no Léisunge sichen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An den nächsten Deeg wieren dofir Gespréicher mat de concernéierte Kardiolog:inne geplangt, seet den Dokter Paul Wirtgen:

"Mir gesi si, a schwätze mat hinnen. An dat maache mer a Rou. An do schwätze mer ebe just och mat hinnen driwwer, ob se Grënn hunn, déi se wëlle matdeelen, oder ob dat perséinlecher Natur ass, wouzou se sech net äussere géifen. Ech hunn am Schrëftlechen do bis elo keng extra Grënn."

Den CHdN-Direkter betount awer, déi demissionär Dokteren hätten näischt un den Aarbechtsofleef an hirem Service auszesetzen, mee et géif ëm d'Fro goen, ob d'Aarbechtsgläichgewiicht vun engem liberalen Dokter mat sengem Privatliewen zesumme passt.

Déi concernéiert Doktere selwer wollten sech op Nofro hin net virum Mikro dozou äusseren, firwat si net méi am CHdN wëlle schaffen. Och si verweisen op déi geplangte Gespréicher mat der Direktioun.

Fonctionnement vu Kardiologie net a Fro gestallt

Ob do Léisunge méiglech sinn, ass am Moment net kloer. Den Spidolsdirekter betount awer, d'Demissiounen hätten am Moment keng Konsequenze fir d'Versuergung vun de Patient:innen. De Fonctionnement vun der Kardiologie wier weider garantéiert.

D'Echeance vun de sechs Kardiolog:inne leeft Ufank vum nächste Joer aus. Wéi et duerno viru geet, wäert sech an den nächste Woche weisen.

Wa keng Léisung fonnt gëtt, misst d'Ettelbrécker Spidol bannent kuerzer Zäit nei Kardiolog:inne rekrutéieren.