Etienne Schneider verdeedegt Spuer- a Steierpak

“Mir sinn iwwerzeegt vun eiser Aarbecht a mir sinn iwwerzeegt datt d’Leit eis a fënnef Joer Recht ginn, wann se gesi wat mer op d’Been gestallt hunn”. Esou verdeedegt den Etienne Schneider de Spuer- a Steierpak vun der blo-rout-grénger Regierung. A Riicht Eraus sot de sozialistesche Vize-Premier, hien hätt mat kritesche Reaktioune gerechent well d’Leit allergesch op Reforme wieren. Vill Kritike géifen op Mëssverständnesser baséieren. De Minister huet annoncéiert, datt d’Héicht vum Kannergeld all puer Joer kéint adaptéiert ginn. Äntwerten op d’Kritike vun de Gewerkschafte géifen et an der Steierreform ginn, déi 2017 a Kraaft triede soll. D’Décisioun iwwer d’Lancéiere vun engem Militär-Satellit zesumme mat SES soll d’nächst Woch am Regierungsrot falen, esou de Minister fir Economie, Defense a bannescht Sécherheet.

Déi ganz Emissioun, moderéiert vum Jean-Claude Franck:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen