Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Cruiser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etat de la nation - just en eidelt Ritual

Fräie Mikro

Etat de la nation - just en eidelt Ritual







Normal
0




false
false
false

DE-LU
X-NONE
X-NONE
















































































































































































































































































































































































































/* Style Definitions */
table.MsoNormalTable
{mso-style-name:"Table Normal";
mso-tstyle-rowband-size:0;
mso-tstyle-colband-size:0;
mso-style-noshow:yes;
mso-style-priority:99;
mso-style-parent:"";
mso-padding-alt:0cm 5.4pt 0cm 5.4pt;
mso-para-margin-top:0cm;
mso-para-margin-right:0cm;
mso-para-margin-bottom:8.0pt;
mso-para-margin-left:0cm;
line-height:107%;
mso-pagination:widow-orphan;
font-size:11.0pt;
font-family:"Calibri",sans-serif;
mso-ascii-font-family:Calibri;
mso-ascii-theme-font:minor-latin;
mso-hansi-font-family:Calibri;
mso-hansi-theme-font:minor-latin;
mso-bidi-font-family:"Times New Roman";
mso-bidi-theme-font:minor-bidi;
mso-ansi-language:DE-LU;}



Am Virfeld vum Debat iwwer d'Lag vun der Natioun ass et nëtzlech fir kuerz ze kucken, wat fir politesch Theemen dëst Joer an der Aktualitéit stoungen. Domat beschäftegt sech de Jacques Drescher am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Déi Theemen déi dëst Joer d'Aktualitéit bestëmmt hunn, waren nieft der sanitärer Kris d'Gesondheetspolitik, d'Industriepolitik an de Logement. Dernieft wäert bei den Diskussiounen iwwer den Etat de la Nation d'Steierpolitik am Mëttelpunkt stoen, apaart d'Fro vun der berüümter Steiergerechtegkeet.

D'Gesondheetspolitik huet e méi grousse Stellewäert duerch d'Coronakris kritt. Beispiller aus den Nopeschlänner hu gewisen, datt do wou den ëffentleche Gesondheetssystem an d'Spideeler zu Dout reforméiert, privatiséiert an an d'Verscholdung gedriwwe goufen, och déi meescht Probleemer besti fir d'sanitär Kris ënner Kontroll ze kréien.

Wéi eng Zukunft fir d'Spidolswiesen?

D'Diskussioun zu Lëtzebuerg ass ugelaf, dat fir d'lescht mam Sträit am Escher Centre hospitalier, wou d'Doktesch-Entrepreneurs-Lobby gären op Public Private Partnerschaft wëllt setzen, wat d'Klinicke géif a Schwieregkeete bréngen a wougéint d'Gewerkschaften an e minoritäre Courant an der LSAP ëm d'Vera Spautz sech wieren. D'Gesondheetsministesch hält sech bedeckt. D'Fro ass, ob d'Regierung versiche wäert, déi kapitalistesch Moderniséierung vum Gesondheetssystem weider ze dreiwen, esou wéi se dat bis elo gemaach huet.

Wéi eng Wirtschafts- an Industriepolitik?

An der Wirtschafts- an Industriepolitik gëtt et keng kloer Linn. Ouni Zweiwel huet den LCGB-President Recht, wann e seet, dat wier eng Katastroph. Mee et ass och net grad eng resolut Haltung géint de Klassekampf vun uewen, wann d'Gewerkschaften nëmme paktéieren an taktéiere géifen a gutt wiere fir Sozialpläng a Reclassementer wéi bei Arcelor a Luxair ofzeseenen. Wann e Gewerkschaftler just nach verlaangt, datt an der Industriepolitik "administrativ Hürden" ofgeschaaft misste ginn, huet e net vill ze bidden.

An der Industriepolitik ass d'Regierung hin an hir gerappt tëscht industrieller Diversifizéierung an der sougenannter Rifkin-Strategie - déi deierst Hochstapelei, déi ee sech fir eng hallef Millioun Euro konnt leeschten.

Wéi eng Visioun fir d'Logementspolitik?

De Logement: do hunn déi Gréng kee Problem dermat fir der DP hir Logementspolitik weider ze féieren. Déi ass esou orientéiert, datt d'Schafung vu bezuelbare Wunnechten an direkter Kollaboratioun mat Immobiliespekulanten oder Investmentfonge soll erreecht ginn, wat natierlech net gléckt, wéi d'Präisser um Wunnengsmaart weisen. Datt beim Recht op Wunnen d'Fro vun der Expropriatioun vum Buedem, am Intérêt général, en Tabu ass, wou se jo awer méiglech ass, wann en Échangeur vun enger Autobunn gebaut gëtt, mécht den Debat iwwert d'Lag vun der Natioun zu engem eidele Ritual.

Schwaach Oppositioun

D'CSV, déi mat enger Zort kollektivem Burnout geplot ass, ass net amstand, dem Poopst seng Sozialenzyklika ze liesen. Si mécht just formal Oppositioun a wëllt e "Kassensturz". Da kann d'Regierung einstweilen hire Kapp a Rou leeën.

Esou laang nach Geld an der Keess ass, brauch de Premier keng Politik ze maachen, mee just Kommunikatioun.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.