Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etat de la Nation : "D'Gretchenfrage ass nees aktuell"

Meenung

Etat de la Nation : "D'Gretchenfrage ass nees aktuell"

De Premier huet de Mëttwoch am Etat de la Nation verroden, wéi hien d'Regierungsaarbecht fir déi nächst zwielef Méint an doriwwer eraus gesäit. D'Erausfuerderungen, déi sech bis zu de Chamberwale vun 2023 stellen, goufen identifizéiert. Ob d'Regierung se um Schluss vun dëser Legislaturperiod awer nach richteg ugeet, muss se selwer an den nächste Méint weisen, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

"D'Regierung ass virun der kruzialer Phase vun dëser Legislaturperiod ukomm, an elo stellt sech d'Gretchenfrage fir d'Koalitioun tëscht DP, LSAP an déi gréng." Dat ass en Zitat vum deemolege LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, net vun elo, mee vun November 2019. Steierreform, Klimawandel, Logement... d'Koalitioun wier an deenen Dossiere gefuerdert. Datt ganz séier dono alles anescht kéim, an e Virus géif ronderëm d'Welt joen a ganz Gesondheetssystemer, Ekonomien a Gesellschaften op d'Kopp geheien, war dunn nach net virauszegesinn.

Elo, zwee Joer méi spéit, sinn d'Aussoe vum Alex Bodry nees aktuell. D'Coronapandemie ass nach ëmmer en Theema, mee net méi sou, datt d'Regierung sech kéint eleng mat hirer Krisegestioun bis zu den nächste Chamberwale vun Oktober 2023 retten. Et bleiwen zwee Joer, de Klimawandel mécht sech ëmmer méi staark bemierkbar, d'Logementspräisser klamme weider staark, d'Schéier tëscht Aarm a Räich geet weider auserneen. Ergo: Et gi Léisunge gebraucht, an zwar net réischt no de Chamberwalen.

Konkret Klimapolitik gesäit anescht aus

D'Ried vu gëscht huet de Mérite, datt déi Erausfuerderungen all adresséiert goufen. De Premier huet d'Klimaschutzpolitik esou prominent un den Ufank vu senger Ried gesat wéi nach ni, an en huet gemengt, et misst gehandelt gi fir weidert Leed z'evitéieren. Just, datt een no der Ried vu gëscht nach ëmmer net weess, ob Lëtzebuerg bis 2030 seng Co2-Emissiounen em 55 Prozent oder méi reduzéiert kritt, den Undeel un erneierbaren Energien eropgeschrauft an de globalen Energiekonsum erofgeschrauft kritt. Lauschtert een dem Premier no, mengt een, d'Regierung wéisst et selwer net. Bësse Photovoltaik hei, bësse Fuerschung do... Konkret Klimapolitik gesäit anescht aus. E weidert partizipatiivt Gremium soll elo d'Wonnerléisung sinn, e Klima-Biergerrot, nodeems et där Initiative fir d'Nohaltegkeet, fir d'Landesplanung a fir de Klima scho vill gouf a gëtt, alles mat vill Opwand, mat vill Ressourcen, ouni ze wëssen, wat elo en neie Klima-Biergerrot soll als Wonnerléisung erbäiféieren.

Sue verdeelen ass méi einfach wéi strukturell Verännerungen erbäizeféieren

Mee jo, eng Ried zur Lag vun der Natioun ass jo och just eng Mise en perspective, an et sollt een esou engem Exercice net méi Bedeitung gi wéi en et verdéngt. Wat genee bei deene Projeten erauskënnt, weist sech egal wéi réischt déi nächst Méint, an da muss et och am Detail diskutéiert ginn. Dat gëllt och fir d'Grondsteierreform an déi aner Elementer géint d'Hausse vun de Präisser um Wunnengsmaart.

Fir de Rescht muss ee feststellen, datt mer trotz der sanitärer Kris wéineg alarmistesch Téin iwwer d'Situatioun vun de Staatsfinanzen héieren: D'Wieder Austeritéit, Spuermesuren oder Staatsdefizit kommen am Moment wéineg am politeschen Discours vun der Koalitioun vir. Dat war 2013, wéi DP, LSAP a gréng zu dräi ugetruede sinn, nach ganz anescht.

Mee vläicht hëlleft et jo ganz einfach, datt an zwee Joer Gemengen- a Chamberwale sinn. An der Lëtzebuerger Politik ass et ebe leider eben ëmmer méi einfach, Suen ze verdeele wéi strukturell Verännerungen erbäizeféieren, sou wéi dat am Klimaschutz an am Logement néideg wier.