Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Capricorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kann net sinn, datt d'Landwirtschaft fir d'Autosindustrie hierhale muss"

Mercosur-Ofkommes

"Et kann net sinn, datt d'Landwirtschaft fir d'Autosindustrie hierhale muss"

D'EU hat sech Enn Juni op en Ofkommes mat de Mercosur-Staaten gëeenegt an zanterhier gëtt dësen Accord virun allem vun der Landwirtschaft staark kritiséiert. D'Bauere fäerten, datt si géint déi grouss Betriber aus Südamerika net ukommen, déi wéinst méi nidderegen Ëmwelt-Standarden och manner nohalteg produzéieren.

auto_stories

3 min

Den 28. Juni hat d'Europäesch Unioun sech mat de Mercosur-Staaten Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay, no 20 Joer Verhandlungen, op e Fräihandelsofkommes gëeenegt. Déi europäesch Baueren hunn zanterhier dësen Accord kritiséiert. D'Josiane Willems, Direktesch vun der Bauerenzentral seet zum Beispill, datt ee mat der Produktioun vun dëse südamerikanesche Betriber net mathale kéint.

"Wa mir vun engem Betrib vun 200-300 Hektar schwätzen, da schwätze mir hei zu Lëtzebuerg vun engem grousse Betrib. A Brasilien ass dat ee vun de klengste Betriber, do hunn déi éischter e puer Dausend Hektar. D'Strukturen an doduercher d'Produktiounsméiglechkeeten, sinn einfach ganz anescht."

D'Angscht ass do, datt den europäesche Marché duerch südamerikanescht Rëndsfleesch, Héngerfleesch an och Zocker iwwerschwemmt gëtt. Nieft de vill méi grousse Produktiounsméiglechkeeten hätten d'Mercosur-Länner de Virdeel vun de méi nidderegen Ëmwelt-Standarden.

An der EU géifen ëmmer méi streng Ëmwelt- am Hygiène-Oplage gemaach ginn an dat wier och richteg esou, seet d'Josiane Willems, mee "da geet et awer net, datt mir dann einfach en Ofkommes maachen, wou Produiten importéiert ginn, déi dëse Standarden net entspriechen, aus Länner, wou ganz aner Ëmwelt-Standarden en Vigueur sinn."

Ëmweltministesch schléisst sech der Kritik un

Virun enger Woch hat de Weltklimarot an engem Spezialrapport geschriwwen, datt d'Land- a Forstwirtschaft fir 23 Prozent vun den Zäregasen, déi vum Mënsch verursaacht ginn, responsabel sinn. Dofir wier esou een Ofkommes kontradiktoresch, seet nach d'Josiane Willems. Engersäits fir méi Nohaltegkeet plädéieren, anerersäits awer mat Länner Accorden ofschléissen, déi manner strikt Standarden hunn. Eng Positioun, där sech d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg uschléisst.

Si hätt hir kritesch Meenung och schonn den anere Regierungs-Membere matgedeelt. An och den Landwirtschaftsminister Romain Schneider hat an engem Communiqué matgedeelt, datt ee kucke misst, ob dat Ofkommes mat de Mercosur-Staaten mat de roude Linne vun der Lëtzebuerger Regierung kompatibel wier.

Marie-Pierre Vedrenne: "Keen Accord mat engem Land, dat d'Ziler vum Paräisser Ofkommes net respektéiert."

Kritesch Stëmme ginn et och aus dem Europaparlament. Déi franséisch EU-Deputéiert Marie-Pierre Vedrenne vum Mouvement Démocrate seet, esou een Accord wier net mat den europäesche Klimaziler an Aklang ze bréngen.

"Et ënnerschreift ee keen Accord mat engem Land, dat d'Ziler vum Paräisser Ofkommes net respektéiert. Dat selwecht gëllt fir d'Mënscherechtsfroen. Et ass net méiglech mat Länner ze handelen, déi international Engagementer net respektéieren."

Duerch den Handelsaccord soll d'EU Sue spueren

Den Accord bréngt der EU vill Virdeeler, soen Anerer, dorënner déi griichesch EU-Deputéiert Anna-Michelle Assimakopoulou vun der Nea Dimokratia, der Partei vum griichesche Premierminister Kyriakos Mitsotakis.

D'Ofschafe vun Handelsgrenze wier ëmmer gutt fir d'Entwécklung. D'EU géif duerch d'Ofkommes véier Milliarden Euro spueren, aachtmol méi wéi mam Accord mat Kanada. Déi Aspuerunge géifen duerch Douanes-Taxe kommen, déi ewech falen. Virun allem d'Autosindustrie, wou d'Taxe fir a Südamerika de Moment nach bei 35 Prozent léien, géif dovunner profitéieren. Dofir schwätze Kritiker och vun engem "Auto-Géint-Landwirtschaft-Geschäft". An dat kéint een net akzeptéieren, seet d'Josiane Willems, Direktesch vun der Bauerenzentral.

D'Ofkommes muss nach vun de Memberstaaten approuvéiert ginn

"Et kann net sinn, datt d'Landwirtschaft fir aner Wirtschaftsinteressen, wéi Autosindustrie, Biergbau oder Stolindustrie hierhale muss, fir datt déi méi op de brasilianeschen oder argentinesche Marché exportéiere kënnen."

Dat ausgehandelt Ofkommes muss elo nach vum EU-Parlament an de Memberstaaten approuvéiert ginn. D'Josiane Willems hofft, datt d'Landwirtschaft bis dohinner aus dem Accord erausgeholl gëtt.