Radioen

On air

De Weekend  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Love Is A Rich Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gouf extrem fréi gelies"

Wäibau a Wäilies

"Et gouf extrem fréi gelies"

Extrem Wiederschwankungen, wéineg Reen a vill Sonn: De Klimawandel ass och am Wäibau ze spieren. Trotzdeem freeë sech d'Wënzer, well dëst Joer soll d'Qualitéit vun den Drauwe besonnesch gutt sinn. Ënnert anerem, well d'Drauwen all mat Zäiten zeideg goufen. Dëst Joer gouf donieft och extrem fréi gelies.

auto_stories

3 min

"Dëst Joer gouf extrem fréi gelies an d'Drauwe waren och all gesond," seet de Serge Fischer, Wäibauberoder am Institut viti-vinicole. Wënzer, déi scho 40 oder 50 Wäijoer matgemaach hunn, hätte sou eppes nach net gesinn.

Den Institut viti-vinicole zeechent zënter 1966 d'Wieder an och den Zockergehalt an den Drauwen op. Donieft ginn Opzeechnungen iwwer d'Wäilies gemaach. Dëst Joer huet d'Lies bei verschiddene Wënzer schonn Enn August ugefaangen. Mat 2003 wier dat eent vun deene fréiste Jore gewiescht.

"Méi, wéi geduecht"

Dëst Joer gouf donieft och méi gelies, wéi am Ufank geduecht, esou de Serge Fischer. D'Rief huet, nodeems et laang dréche war, gutt op déi puer Nidderschléi no August reagéiert. "D'Meng läit iwwert der Moyenne vun de leschten zéng Joer." Dëst Joer léich ee bei ëm déi 135.000 Hektoliter, d'Moyenne wier ëm déi 120.000 Hektoliter.

"Wann een elo kuckt, datt an de leschten zwee Joer manner recoltéiert ginn ass, ass dat scho ganz positiv ze bewäerten."

Déi extrem Wiederschwankungen, mat vill Reen oder laangen Drécheperiode sinn och am Wäibau ze spieren. Dëst Joer huet et iwwert de Summer ganz wéineg gereent, mat Konsequenze fir d'Drauwen.

"Mir mierken och am Kontext vum Klimawandel, datt zënter 1987 d'Drauwen all Joer zeideg ginn."

Problematesch fir jonk Wéngerten

Bedeit dat, datt de Klimawandel an d'Dréchent kee Problem fir de Wäibau duerstellt? "Jein," seet de Serge Fischer. Dat waarmt Wieder hätt zwar Afloss dorobber, datt d'Drauwen ëmmer zeideg géife ginn. Problematesch wier et awer fir jonk Wéngerten, déi frësch geplanzt gi wieren.

"Do misste vläicht Iwwerleeunge gefouert ginn, ob ee Waasserreservoiren uleet, fir d'Bewässerung vun deene jonke Planzen."

Jonk Planzen géife besonnesch ënnert der Dréchent leiden. Mee al Wéngerten, mat hirem ausgebilte Wuerzelsystem, "déi haten absolut kee Problem elo dräi Méint ouni Waasser."

Zesummen no Léisunge sichen

An deenen nächste Joren géife Problemer, déi mat der Waasserknappheet, héchstwahrscheinlech ëmmer méi kommen, seet de Serge Fischer vum Institut viti-vinicole. An dat net nëmmen am Wäibau, mee och am Gaardebau oder an der Landwirtschaft am Allgemengen.

"Wa scho Waassermangel herrscht fir d'Haushälter mat Waasser ze versuergen ass et schwéier z'argumentéieren, fir am Wäibau oder an der Landwirtschaft ze bewässeren."

Am Wanter, wann et méi reent, misst ee probéieren, eng gewësse Waassercapacitéit - a reserven opzebauen, fir domat ze bewässeren. Do misste Politik a Beruffsstand an Zukunft zesummen no Léisunge sichen.

Maacher Wäimaart

Ee fir d'Wënzer wichtege Rendezvous ass ëm Ouschteren um Maacher Wäimaart, op deem de Wäin vun dësem Joer presentéiert gëtt.