Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt ëmmer méi schwéier Leit fir d'Wäilies ze fannen"

Wäilies op der Musel

"Et gëtt ëmmer méi schwéier Leit fir d'Wäilies ze fannen"

"De Wäi vum Joer 2021 gëtt gutt: Qualitéit a Quantitéit si ganz an der Rei", dat seet de Marc Weyer vun der Fédération des Associations Viticoles. E Problem, mat deem d'Wënzer awer kämpfen, ass dee vum Manktem un Aarbechter, déi wëllen hëllefen. "Do ass och keng Besserung a Sicht", esou de Marc Weyer.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


"Et ass e reelle Problem genuch Leit ze fannen, déi an d'Lies kommen", seet de Marc Weyer. D'Pandemie hätt do natierlech näischt arrangéiert. Iwwer déi lescht 30 Joer koumen traditionell Leit aus Polen - dat wier awer méi komplizéiert ginn.

Et gëtt och probéiert Leit aus Rumänien oder Bulgarien ze kréien, mee och dat klappt net gutt. "Dat Ganzt ass eng Fro vun Droit du travail : ob d'Leit hei dierfe schaffen oder net", esou de Marc Weyer vum Wënzerverband.

De ganze Landwirtschaftssecteur misst fuerderen, datt déi aktuell Gesetzer an deem Kontext ugepasst gi fir dem Problem kënnen entgéingt ze wierken.

"Well mir grad dëst Joer Schwieregkeeten haten, hu mir och iwwer d'ADEM probéiert", esou de Marc Weyer. Mee et wier net einfach do Leit ze kréien, déi déi Aarbecht wëlle maachen.

Zäitdrock

Grad elo muss awer geschafft ginn: d'Drauwe sinn zeideg. Si mussen eran, soss faule se. "De Ree vun dësem Weekend ass net optimal", seet de Marc Weyer. Et wier desagreabel am Gummismantel ze schaffen, derbäi ginn d'Wäibierger beim naasse Wierder rutscheg.

"D'Rief ass e Kand vun der Sonn", ënnersträicht de Wäispezialist - an awer hätt de ville Reen dëst Joer gutt gedoen.

2021: Qualitéit a Quantitéit stëmmen

Et gëtt en traditionelle Joergang, wéi de Marc Weyer seet.

"De Wäi vun der Musel ass all Joer gutt", fënnt hien, "mee eben all Joer anescht". Et wier eben en Naturprodukt. Fir dat, wat dobäi eraus kennt, wier zum gréissten Deel d'Natur responsabel. Ee méi e klengen Deel géif vum Wënzer sengem Kënnen ofhänken.