Radioen

On air

Tockcity  |  Ducks Ltd. - On Our Way To The Rave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et feelt u kompetentem Betreiungspersonal"

Flüchtlingen

"Et feelt u kompetentem Betreiungspersonal"

Den Encadrement vun de Flüchtlinge wier méi wichteg wéi den Zoustand vun den Infrastrukturen, seet d'Ombudsfra Lydie Err. Déi forcéiert Inaktivitéit wier ee grousse Problem fir déi Betraffen.

auto_stories

4 min

Et géif u qualifizéiertem Personal feelen, seet d'Lydie Err.

Et géife grouss Ënnerscheeder tëscht de Foyeren an Opfaangstrukture fir Flüchtlinge ginn, esou d'Lydie Err. Bei deenen Infrastrukture bei deneen et géife Problemer ginn, géif awer näischt geännert ginn, kritiséiert d'Ombudsfra. Déi Responsabel wéissten zwar Bescheed, géifen awer näischt ënnerhuelen. A verschiddene Foyeren hätten d'Leit zum Beispill net genuch Privatsphär, an anere wier d'Proprietéit ee Problem.

D'Lydie Err begréisst awer d'Qualitéit vun de neie Containerstruktruren zu Zolwer. Esou Strukture géifen de Flüchtlingen eng gewëssen Intimitéit ginn an d'Familljen hätten eng Kichen. D'Strukture fir Refugiéë gi verwalt am Optrag vum OLAI, dem Office luxembouregois de l'acceuil et de l'intégration. ONGe wéi d'Croix-Rouge, d'Caritas an d'Asti verwalten d'Haiser. Der Lydie Err no géifen et an der Gestioun vun den Haiser keng Ënnerscheeder ginn.

Qualifizéiert Personal néideg

Méi wichteg wéi d'Infrastrukturen wier der Mediateure no den Encadrement vun de Flüchtlingen. D'Zuel an d'Qualitéit vum Personal, dat d'Haiser geréiert an d'Flüchtlinge begleet, géifen eng wichteg Roll spillen. D'Personal misst gutt ausgebilt sinn, Erfarung an der Mediatioun hunn a geziilt op d'Interkulturalitéit virbereet ginn, ënnersträicht d'Ombudsfra. "Et muss ee wëssen, wéi déi Leit ticken."

Et wier der Lydie Err no awer schwéier, erfuerent Personal ze rekrutéieren. Vill Sozialaarbechter wiere jonk a grad eréischt mat hirer Ausbildung fäerdeg. "Fir déi ass deen Job do zwou Nummeren ze grouss." De leschte Summer wier decidéiert ginn, de Personalschlëssel an de Foyeren erof ze setzen. "Dat dierf op kee Fall geschéien", warnt d'Ombudsfra. A verschiddene Foyere géif et guer kee Sozialpersonal ginn.

"Si kréien d'Zäit net ëm"

D'Flüchtlinge misste méi Geleeënheet kréie fir - an de Méint an deene si op hir Pobeiere waarde géifen an net dierfte schaffen - enger Aktivitéit kënnen no ze goen, esou d'Ombudsfra. D'Liewenskonditiounen am Alldag wiere schwéier fir d'Flüchtlingen, betount d'Lydie Err. D'Foyere wieren zum Beispill dacks schwéier z'erreechen. Ëmmer erëm géif d'Ombudsfra Plainten iwwert déi "forcéiert Inaktivitéit" vun deene Leit kréien, déi op hir Pabeiere géife waarden. Et wier hirer Meenung no wichteg, datt d'Refugiéë kéinten am Foyer schaffen oder dobaussen hirem Beruff nogoen.

Ee weidere Problem wier, datt et a ville Foyere keng Kiche géif ginn. D'Flüchtlinge kéinten net selwer entscheeden oder kachen, wat si wéilten iessen. "Eist Iessen ass fir si, wéi hiert Iesse fir eis, dat heescht ganz ongewinnt." Dat géif vill Problemer mat sech bréngen, besonnesch wann d'Refugiéë gesondheetlech ugechloe wieren.

Laang Prozeduren

Dem Gesetz no soll een Asyldemandeur bannent sechs Méint eng Äntwert iwwer säi Statut kréien. Et géif ee probéieren, dësen Delai anzehalen, seet d'Lydie Err. Dat virun allem bei de Leit aus Syrien, well déi wiere prioritär. Mee dacks géifen déi sechs Méint awer iwwerschratt ginn. Datt d'Prozeduren net déi selwecht fir all d'Refugiéë wieren, wier fir déi Betraffe schwéier ze acceptéieren.

"Eent musse mir wëssen: Déi Leit, déi aus engem Land kommen an deem Krich ass, an an dem kee Stee méi op deem anere steet, déi si fir ëmmer hei", betount d'Médiateure. D'Refugiéë missten esou richteg a gutt behandelt gi wéi méiglech, "fir datt mir kee Multikulti mee en interkulturellt Land ginn."


Recommandatioune vun der Ombudsfra un d'Politik

  • Et misst genuch Personal ginn. Dat misst gutt ausgebilt sinn an op den Ëmgang mat Refugiéë sensibiliséiert ginn
  • D'Strukture sollen an der Rei gehale ginn
  • D'Flüchtlinge missten d'Geleeënheet kréie fir sech selwer ze beschäftegen. Zum Beispill solle si kënne fir sech an hir Famill kachen
  • D'Leit solle léieren, een deen aneren ze verstoen: "Dat wat eis verbënnt ass méi wéi dat wat eis trennt."

Statistiken

Persounen déi eng Demande op Asyl gestallt hunn:

  • 2014: 1.091
  • 2015: 2.447
  • 2016 (bis August mat): 1.221

D'Problematik vum Accueil vun de Refugiéen zu Lëtzebuerg gëtt ee Schwéierpunkt am Rapport vun der Ombudsfra. D'Lydie Err wäert dëse Rapport uganks 2017 presentéieren.