Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et deet gutt nees eraus ze goen"

Deconfinement

"Et deet gutt nees eraus ze goen"

Villes war dëse Päischtweekend nees bal ewéi gewinnt: et konnt een erëm eraus een drénken an eppes iesse goen, a souguer nees an d'Mass goen. Mee Villes leeft dach aneschters of ewéi virum Confinement. D'Isabel Scott huet an der Stad huet nogefrot, wéi d'Leit hier zréckgewonne Fräiheet empfonnt hunn.

auto_stories

2 min

Samschdes mëttes op den Terrassen op der Paräisser Plaz am Garer Quartier an der Stad - d'Plaze sinn all besat, sozial Distanze gi plus ou moins strikt agehalen. Et spiert een zum gréissten Deel eng Erliichterung, erëm dobausse mat Frënn a Famill d'Sonn kënnen ze genéissen.

Adaptatioune bei Restauranten a Caféen

Et ass nach laang net alles beim alen, an dat wäert och nach eng Zäit daueren, sou d'Manuela, Bedreiwerin vum Time Square café-bar zu Hollerech. Dobannen am Lokal goufe gréisser Adaptatioune gemaach.

Plexi-Glas Trennscheiwen tëschent den Dëscher, um Comptoir ass och e grousst Plexi-Glas mat enger Spléck vir ënnendrënner d'Gedrénks ze zerwéieren. D'Manuela seet, d'Client wieren awer frou ze erëmzekommen.

Mee nach net iwwerall sinn d'Leit zeréck. Dem Sum Choy sai Restaurant New Cooking läit méi verstoppt am Gaasperecher Quartier - e Kazesprong vun de nei gebaute Büroen op der Cloche d'Or.

Seng Terrass gouf virun der Pandemie wärend de Mëttesstonnen haaptsächlech vu Bürosemployéë besicht op der Sich no Sushi a Sonn. Déi géifen den Ament feelen, well se wéinst dem Home Office doheembleiwen.

Et ass deelweis nach roueg

Och op enger ganz anerer Plaz ass et och nach roueg - um Camping. D'Margo geréiert zanter engem Joer de Camping op der Kockelscheier. Wéi si seet ware soss déi meescht Camper Leit, déi am Duerchgangsverkéier no bei der Autobunn en Tëschestopp a Richtung Süde gemaach hunn.

Reservatiounen aus dem Ausland hale sech bis elo nach a Grenzen. De Camping ass um Päischtweekend awer net eidel. Déi éischt Touristen hunn schonn agecheckt.

Net nëmme Visiteuren aus dem Ausland mussen hir Gewunnechten upassen. Leit, déi an d'Kierch ginn, konnten dat dëse Weekend erëm maachen, mee ënner anere Bedingungen. Eng Handvoll Gleeweger hu sech e Samschden Nomëtten och afonnt.

De Gregorio Mongelli hofft, datt ee sech séier un déi dach aussergewéinlech Consignë gewinnt.