Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass vill Waasser an de Wäin geschott ginn"

Verfassungsreform

"Et ass vill Waasser an de Wäin geschott ginn"

D'Lëtzebuerger Verfassung misst reforméiert ginn, seet de Verfassungsexpert vun der Uni Lëtzebuerg, de Luc Heuschling. Problematesch wier zum Beispill den Artikel 47, aus dem Joer 1856.

auto_stories

5 min

D'Euthanasiegesetz ass méiglecherweis net am Aklang mat der aktueller Verfassung, weist de Luc Heuschling hin. D'Gesetz iwwer d'Euthanasie wier e Beispill dofir, firwat d'Constitutioun vun 1868 misst reforméiert ginn, esou de Verfassungsrechtler.

D'Euthanasiegesetz géif nämlech op enger Propose vun Deputéierte baséieren. Am Artikel 47 vun der aktueller Verfassung géif stoen, datt nëmmen de Grand-Duc Gesetzesinitiativen dierft maachen. D'Deputéierte missten deemno, theoretesch, wann si Gesetzespropositioune maachen, déi fir d'éischt dem Grand-Duc ënnerleeën.

Eng beängschtegend Situatioun

Och wann dat an der Praxis anescht ofleeft, kéinte Problemer duerch deen Artikel entstoen. Zwee ganz wichteg Gesetzer, dat vun der Euthanasie an dat iwwer d'Verfassungsgeriicht hätten op enger Propositioun baséiert.

De Verfassungsrechtler präziséiert, datt all d'Verfassungsännerunge ganz dacks op Propositiounen zeréckginn. "Wa mir bis ufänken den Artikel 47 schwaarz op wäiss z'applizéieren, da misste mir soen, datt all déi Gesetzer do eigentlech net méi verfassungskonform sinn.", seet de Luc Heuschling. Fir de Luc Heuschling ass dat eng "beängstegend" Situatioun: wann eng Kéier wéinst deem Artikel e Recours virum Verfassungsgeriicht gemaach géif ginn, da wier et "net esou evident" erauszefannen, wat d'Léisung dofir wier.

Punktuell Referende sinn nach méiglech

De Verfassungsrechtler Luc Heuschling seet, et wier gutt méiglech, datt et an der Verfassungsdebatt nach zu Referenden iwwer spezifesch Punkte kënnt. D'CSV, DP, LSAP an déi gréng ware sech jo d'lescht Woch eens ginn, d'Verfassung op engen 30 eenzele Punkten ze änneren, ouni datt de ganzen Text ersat gëtt.

Dat wier engersäits positiv, seet de Luc Heuschling: doduerch kéinten nämlech nach zousätzlech Iddien an d'Reform afléissen, mee:

"De Problem, deen ech gesinn, ass ganz einfach: si hu lo schonn 29 Punkten erausgewielt. Do si Punkten, déi ënner den Dësch gefall sinn, dat heescht souguer wa mir all déi 29 hätten, hätte mer net d'Resultat vun der totaler Reform. Et ass scho vill Waasser an de Wäi geschott ginn an dat ass wierklech schued. An dat kann ech als Verfassungsrechtler an als Bierger nëmme regrettéieren."

Beim Ausschaffe vun der Verfassungsreform, déi sech scho méi wéi zéng Joer zitt, géif ee mierken, datt Deputéiert ze vill Aarbecht hätten, fir sech op spezifesch Gesetzer ze konzentréieren, bedauert de Luc Heuschling.

"Wann d'Parlamentarier selwer mussen en Text ausschaffen, dann op eemol mierkt een, datt si d'Expertis selwer net hunn. Dat ass u sech kee Problem, wa si d'Expertis da siche géife ginn, dat hu si awer ni gemaach. Si hu sech geweigert, fir wierklech d'Expertis sichen ze goen, fir dat systematesch opzebauen."

Alex Bodry: Méi Verännerunge si méiglech

Den LSAP-Deputéierten a President vun der zoustänneger Chamberskommissioun Alex Bodry rechent sengersäits domat, datt op d'mannst 35 Punkte vun der Verfassung geännert wäerte ginn. Et soll awer eng oppe Lëscht sinn, sou datt an den nächste Joren nach nei Iddien kéinte bäi kommen:

"Iwwregens ass, contrairement zu deem, wat den Här Heuschling gemengt huet, och dee Punkt schonn op deenen 29 dobäi, wat dat eventuellt Remplacement vum Staatschef ugeet, wann e seng konstitutionellen Obligatiounen net nokënnt. Deen ass ausdrécklech virgesinn, op der Lëscht vun 29. Wann e kritesch d'Aarbechte kuckt, da muss een och d'Texter kennen."

Den Alex Bodry léisst d'Reproche vum Luc Heuschling net gëllen. Foto: Archiv

Och d'Reprochë vum Verfassungsrechter Luc Heuschling un de strukturelle Problemer an der Prozedur fir d'Verfassungsreform léist den Alex Bodry net gëllen. "Hei ass genau no der selwechter Prozedur gefuer gi wéi bei all Gesetzesprojet verfuer gëtt", esou d'Reaktioun vum LSAP-Politiker:

"Hei ass keng extra Wurscht gebrode ginn, hei waren d'Dieren net méi zou, wéi soss. Déi Sitzunge vun der Institutiounekommissioun si sou op, a wéi déi aner Sitzungen och duerno, hu mer ëmmer Bericht vun eiser Aarbecht gemaach. (...) Mir hunn dertëschent souguer Pressekonferenze vun de Rapportere gemaach, wou mir nach eng Kéier de Stand vun eisem Dossier duergeluecht hunn. Mir hunn eng Participatiounsphas opgemaach, wou d'Leit wärend Méint hir Virschléi, hir Suggestioune ra ginn zum Text."

Kee Manktem un Expertis

D'Membere vun der zoustänneger Chamberkommissioun hätte sech och net geweigert, op Expertise zréckzegräifen. "Hei ass eng normal, gutt legislativ Aarbecht gemaach ginn.", ënnersträicht den Alex Bodry. Fir muer an iwwermuer si Sitzunge vun der Chamberkommissioun zum Thema Verfassungsreform geplangt.

Fir den Alex Bodry huet dat ganzt Justizkapitel Prioritéit:

"Mir schéngt et logesch ze sinn, dass mer elo wou mer schonn als lescht elo op der Cour constitutionelle geschafft hunn, wou och nach e punktuelle Revisiounsprojet beim Staatsrot läit, déi am gaange sinn, dorun ze schaffen, datt mer dee solle fäerdeg maachen. Ech géif et logesch fannen, datt mer dat ganzt Justizkapitel als éischt géife villäicht änneren, notamment mat der Aféierung vun engem Conseil national de la justice, well ech mengen, datt do eng echt Urgence besteet, fir déi Reform op deenen dote Punkten ze maachen. Dat kéint dann eng éischte Phas si vun där gesamter Verfassungsreform, déi mir dann an eenzelen Etappe wäerten duerchféieren."