Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass net méi wéi fréier!"

Hëllef gesicht fir Drauwelies op der Musel

"Et ass net méi wéi fréier!"

"De Pabeierkrich, dee mat Saisonsaarbechter verbonnen ass, gëtt ëmmer méi opwenneg" seet de Wënzer Ern Schumacher: engersäits fir de Betrib deen astellt, mee och fir d'Leit déi hëllefe kommen. Dat wier net wierklech motivant. Mee och dëst Joer ginn erëm dausend Leit gesicht fir d'Drauwen ze liesen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

"Déi läscht Joren hate mir keng Problemer" seet den Ern Schumacher vun den onofhängege Wënzer. Mee et géif méi schwéier. "An de leschten 20 Joer sinn ëmmer Leit aus Polen komm: déi wousste wat ze maache wier a sinn och déi ganz Zäit bliwwen, bis d'Drauwelies fäerdeg war!" Di Leit wiere komm fir Geld ze verdéngen. Elo awer missten awer vill Pabeieren ausgefëllt an d'Suen deklaréiert ginn. D'Leit missten och Steieren a Polen bezuelen. Do wiere der vill net méi motivéiert, fir déi 1.400 Kilometer laang Rees op Lëtzebuerg ze maachen.

Kommen Ukrainer?

De President vun den onofhängege Wënzer Ern Schumacher ass iwwerzeegt, datt dëst Joer och Leit aus der Ukrain sech mellen, fir ze hëllefen. Déi hätten eng Openthaltsgeneemegung, an et wier kee Problem hei ze schaffen. Den Ern Schumacher weess par konter awer nach net, wéi vill Interessenten do wäerte sinn.

Sich an der Nopeschregioun

Fir dann awer déi néideg Leit ze fannen, gëtt an der Nopeschregioun gesicht: ënner anerem am Grenzgebitt mat Frankräich. D'Adem ass och mat engagéiert - mee "et ass alles méi schwéier", ass de Constat vum Ern Schumacher.

Lëtzebuerger, déi speziell fir d'Drauwelies op d'Musel komme maachen sech rar. "Et sinn der déi komme fir een oder zwee Deeg, mee net fir zwou oder dräi Woch."

Et bräicht een awer eng gewëssen Zäit fir eng Routine ze kréien. An der Zäit hunn d'Leit, déi op der ARBED geschafft hunn, sech eng Freed gemaach, eng Woch op d'Musel ze kommen. "Do war nach eng aner Ambiance an den Dierfer an an de Bistroe war no der Lies ëmmer eng lass", bedauert den Ern Schumacher.