Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch: Impfen ouni Rendezvous

Impfcampagne

Esch: Impfen ouni Rendezvous

D'Stad Esch wäert nach eemol eng Zort Impfzentrum opmaache fir méi Awunner d'Méiglechkeet ze gi sech impfen ze loossen. Dat sot eis de Buergermeeschter Georges Mischo op Nofro hin.

auto_stories

2 min

Symbolbild

D'Impfung misst bei d'Leit kommen an net ëmgedréint, seet de Goerges Mischo. An noer Zukunft sollen déi Escher Bierger elo d'Méiglechkeet kréie sech ëmmer Samschdes - ouni Rendez-vous - impfen ze loossen, dat ofwiesselend am Stadhaus an an der Brillschoul. Wéini d'Aktioun lassgeet misst nach mam Haut-Commissaire à la protection nationale gekläert ginn, sou de Buergermeeschter.

Impftaux zu Esch ass niddreg

Den Impfzenter vun der Santé zu Esch/Belval huet virun engem knappe Mount zougemaach - dat war ze fréi, fënnt de Buergermeeschter Georges Mischo. An och wann en elo erëm opgeet, wëllt de Buergermeeschter awer un der Aktioun vu senger Gemeng festhalen.

D'Stied krute vum Haut-Commissaire à la protection nationale Donnéeën iwwer hiren Impftaux. Well den Impftaux vun Esch niddreg ass, wier ee vum HCPN kontaktéiert ginn, esou den Escher Buergermeeschter.

De Luc Feller, Haut-commissaire à la protection nationale seet, et wier awer net esou, datt d'Impftauxen an de Stied generell méi niddreg wiere wéi um Land. Do géif sech kee kloert Bild erginn.

Déi genee Zuel un Awunner vun Esch, déi nach net geimpft sinn, bleift den Ament ënner Verschloss: de genauen Taux sollen d'Buergermeeschter fir sech halen, datt keng Vergläicher tëschent de Gemenge gemaach ginn.

Esch: eng spezifesch Situatioun

Zu Esch géif eng spezifesch Bevëlkerung liewen, seet de Goerges Mischo, där hätt een an der Impfcampagne besser misste Rechnung droe fir een héijen Taux ze erreechen. "Mir sinn eng Aarbechterstad, nach ëmmer." An der Gemeng géifen och vill Frae liewen, déi kierperlech schaffen.

De Georges Mischo weist Versteesdemech fir déi Leit, datt wa se vun der Schicht heem kommen, "net onbedéngt begeeschtert si fir iergendwou nach hinzerenne fir sech impfen ze loossen".

Doriwwer eraus hätt Esch ee groussen Undeel un Net-Lëtzebuerger, déi dacks iwwer déi offiziell Kommunikatiounskanäl net gutt erreecht géifen. Dobäi géif et eng grouss Impfbereetschaft ginn zu Esch, sou de Goerges Mischo.

Virun engem annerhallwe Mount hätt den Impfbus säi Rekord an der Minettmetropol gebrach: 198 Leit goufen do geimpft. "Dee beschten Taux, deen den Impfbus bis elo hat".