Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Es gibt nur ein einziges Menschenrecht"

Déchéance nationalité

"Es gibt nur ein einziges Menschenrecht"

Den Denis Scuto, de seng Dokterthes* iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Nationalitéit geschriwwen huet, analyséiert de Projet vum franséische President Hollande fir d'"déchéance de la nationalité" vu franséischen Duebelstaatler an d'Konstitutioun anzeschreiwen am Liicht vun den historeschen Erfahrunge vu Frankräich a Lëtzebuerg.

auto_stories

11 min

Denis Scuto

"Es gibt nur ein einziges Menschenrecht". Dat ass den Titel vun engem kriteschen a provokativen Essai vun der Philosophin Hannah Arendt aus dem Joer 1949. Doranner denkt se no iwwer d'Schicksal vun de Millioune Staatenlosen a Flüchtlingen als Resultat vun zwee Weltkricher, si, déi vum Naziregim hir Nationalitéit ewech geholl krut a selwer staatenlos gi war bis se 1951 déi amerikanesch Nationalitéit ugeholl huet. Fir si ass d'Nationalitéit "dieses eine Recht, ohne das keines von all den anderen Rechten realisierbar ist, das Recht, einem politischen Gemeinwesen zuzugehören (...) das einzige Recht, das von einer Gemeinschaft der Nationen, und nur von ihr, garantiert werden kann."

Ee Joer virdrun, 1948, hat déi Allgemeng Mënscherechtserklärung an hirem Artikel 15 festgehalen: 1. Jiddereen huet Recht op eng Nationalitéit. 2. Keen däerf seng Nationalitéit willkürlech ewech geholl kréien nach d'Recht entzu kréien, seng Nationalitéit ze wiesselen. Diktatoresch Regimer, d'Osmanescht Räich, d'Sowjetunioun, dat faschistescht Italien, Nazi-Däitschland a Vichy-Frankräich hate Millioune Russen, Armenier, Judden, Sinti a Roma zu Staatenlose gemaach, zu Persounen ouni Recht op d'Protectioun vun engem Staat.

Als Léier doraus gouf 1948 op d'mannst den Usproch op Nationalitéit proklaméiert, och wa bis haut keng Konventioun e Staat verflicht enger staatenloser Persoun eng Nationalitéit ze ginn. Als Léier doraus gouf d'Nationalitéit sanctuariséiert, fir ze verhënneren, datt diktatoresch Regimer mee och populistesch Regierungen dëst Mënscherecht verletzen.

Politesch Klass a Frankräich huet Léiere vergiess

Wéi séier dës Léiere vergiess gi weist momentan en Deel vun der politescher Klass a Frankräich. 70 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich schléit e populistesche Projet vum onpopuläre franséische President Hollande als Dispositioun fir den Artikel 3 vun der Constitutioun vir: « Un Français qui a également une autre nationalité peut, dans les conditions fixées par la loi, être déchu de la nationalité française lorsqu’il est définitivement condamné pour un acte qualifié de crime ou de délit constituant une atteinte aux intérêts fondamentaux de la Nation ou pour un crime ou un délit constituant un acte de terrorisme. »

D'Regierung vun deem Land, dat sech no den Attentater vum 13. November als d'Heemecht vun de Mënscherechter presentéiert huet - et ass einfach net ze gleewen -, wëll eng Fuerderung vum rietsextreme Front national constitutionnaliséieren. Domat géif et an der Constitutioun an Zukunft zwou Kategorië Fransousen: déi, déi soss keng Nationalitéit wéi déi franséisch hunn, an déi aner, déi déi duebel oder multipel Nationalitéit hunn. Dat sinn haut schätzungsweis 3,5 Millioune franséisch Staatsbierger.

Ech wéilt dofir am Kader vun dëser Chronik drun erënneren a wéi engem Kontext déi Mesür a Frankräich mee och zu Lëtzebuerg entstanen ass a wéi se sech an de leschten honnert Joer entwéckelt huet.

Déchéance vun der Nationalitéit: ee Kand vum 20. Joerhonnert

Déi Déchéance ass e Kand vum 20. Joerhonnert, virun allem vun de Kricher a Krise vun deem Joerhonnert, och wa se a Frankräich schonns eemol 1848 applizéiert gouf. Den Abolitiounsdekret vun der Sklaverei hält 1848 fest, dass all Fransous, dee weiderhi Sklavenhandel bedreift, seng franséisch Nationalitéit vum Staat oferkannt kritt. Et ass wichteg tëscht Déchéance a Perte z’ënnerscheeden. D'Déchéance ass eng Decisioun vun der staatlecher Gewalt während d'Perte vun der Nationalitéit sech automatesch opgrond vun enger bestoender Gesetzgebung ergëtt. A Frankräich an zu Lëtzebuerg, wou jo och de franséische Code civil applizéiert gouf, huet een am 19. Joerhonnert d'Nationalitéit verluer, zum Beispill wann ee wëllentlech eng aner Nationalitéit ugeholl huet, wann ee sech definitiv am Ausland fixéiert huet oder wann een an eng auslännesch Arméi agetratt ass. Et konnt ee se awer och erëm kréie wann een an d'Land zeréck koum mat Autorisatioun vun der Regierung. Eng Fra huet hir Nationalitéit verluer wa se en Auslänner bestuet huet, konnt se awer am 19. Joerhonnert als Wittfra erëm kréien.

Am Éischte Weltkrich hu souwuel Groussbritannien wéi Frankräich d'”déchéance de nationalité” agefouert, fir d'éischt an de Fäll wou e Bedruch virlouch, an dono, an England, wéinst Manktem u Loyalismus géintiwwer dem Kinnek, well ee fir de Feind am Krich geschafft huet, mee och wéinst Verbriechen, a Frankräich fir déi Naturaliséiert, déi aus engem feindleche Land koumen a géint Frankräich gekämpft hunn. Iwwer 500 naturaliséiert Fransousen, déi aus Däitschland, Éisterräich-Ungarn oder dem Osmanesche Räich koumen, kruten nom Krich hir franséisch Nationalitéit ewech geholl.

Wéi ee vun de grousse Spezialiste vun der Geschicht vun der Nationalitéit, de Patrick Weil, zurzäit Professeur invité zu Yale, et an sengem Referenzwierk "Qu'est-ce qu'un Français? Histoire de la nationalité française depuis la Révolution" weist, gëtt déi Déchéance 1927 definitiv an dat franséischt Recht ageschriwwen, aus Grënn, déi mat der duebeler Nationalitéit ze dinn hunn. Am Géigesaz zu Länner wéi Däitschland a Lëtzebuerg akzeptéiert Frankräich, dat säin demographeschen Defizit vum Krich wëll ophuelen, deemools dass een Däitsche ka Fransous ginn, och wann en donieft seng däitsch Nationalitéit behält. Als Géigepartie gëtt d'Déchéance fir déi Naturaliséiert agefouert, awer als exzeptionell Moossnam, déi nëmmen an den éischten zéng Joer no der Naturaliséierung dierf imposéiert ginn. Vun 1928 bis 1939 kënnt et a Frankräich nëmmen zu 16 Déchéancë bei 216.000 Naturalisatiounen. Liberal Juristen hunn awer och schonn 1927 géint déi “mesure de déchéance” protestéiert, engersäits opgrond vum Prinzip vum droit civil "donner et retenir ne vaut", an anerersäits well een esou zwou Klasse vu Fransouse virum Gesetz geschaf huet, déi déi vu Gebuert u Fransous sinn an déi, déi et duerch Naturaliséierung gi sinn.

D’Déchéance zu Lëtzebuerg

Am éischte groussen, nach liberale Lëtzebuerger Gesetz zur Nationalitéit - deemools nach Indigénat genannt - deem vun 1934, gëtt déi duebel Nationalitéit engersäits toleréiert, wa se sech zum Beispill aus dem “double droit du sol” ergëtt, dee bis 1940 a Kraaft war. Mee den Däitschen oder Italiéiner, deen duerch Naturalisatioun oder Optioun Lëtzebuerger gouf, huet misse seng al Nationalitéit opginn an huet also just nach déi Lëtzebuerger. Souwéi ee Lëtzebuerger, deen am Ausland eng friem Nationalitéit ugeholl huet, seng Lëtzebuerger Nationalitéit verluer huet. Dofir war de Staatsrot 1927 géint d'Aféierung vun enger “déchéance de la nationalité” nom franséische Beispill, well dat hätt aus de betraffene Persounen, wa se hir eenzeg Nationalitéit ofgeholl kréien, jo Apatride gemaach. D'Lëtzebuerger Juriste ware sech also och schonns deemools bewosst, wéi wichteg d'Recht op Nationalitéit ass, an dass staatenlos en anert Wuert ass fir schutzlos.

An där selwechter Zwëschekrichszäit benotzen totalitär Regimer d'Déchéance net als exceptionell Mesur, mee fir masseweis politesch Géigner aus ze biergeren an eng rassistesch Nationalitéitspolitik duerchzesetzen, déi sech an Däitschland no 1933 géint d'Judde riicht. Grad franséisch Politiker misste sech där Dimensioun bewosst sinn. Den antisemitesche Vichy-Regime huet masseweis franséisch Judden denaturaliséiert. No den nëmme 16 Fäll vun Déchéancen a Frankräich vun 1928 bis 1939, hëlt de Vichy-Regime iwwer 15.000 Fransousen hir Nationalitéit ewech, dorënner den De Gaulle, mee och 7.000 Judden.

D'Bedrohung duerch Nazi-Däitschland an déi omnipräsent Krichsangscht hunn awer och schonns an den 30er Joeren a Frankräich an zu Lëtzebuerg zu enger Verschäerfung vum Nationalitéitsrecht gefouert. A Frankräich gëtt 1938 och d'Déchéance vu Staatsbierger ,déi Fransous vu Gebuert u sinn, méiglech, an zu Lëtzebuerg gëtt am neien Indigénatsgesetz vu Mäerz 1940, zwee Méint virum däitschen Amarsch, awer d'"déchéance de la qualité de Luxembourgeois" agefouert fir ee Lëtzebuerger, deen net iwwer den “droit du sang” Lëtzebuerger gouf, wéinst Fraude, wéinst Trahisoun awer och opgrond vu Veruerteelungen zu verschiddene “peines criminelles”.

Entwécklung nom Zweete Weltkrich

A Frankräich koum et nom Krich nach zu 479 Déchéancë vun naturaliséierte Fransousen, an der Haaptsaach Persounen, déi geriichtlech no der Liberatioun wéinst Kollaboratioun verurdeelt goufen, zum Beispill däitsch- an italiéineschstämmeg Fräiwëlleger an der Waffen-SS oder an anere militäresche Gruppéierungen. No 1967 gouf d'Déchéance wéinst Trahisoun oder Déloyautéit géintiwwer der Natioun a Frankräich net méi praktizéiert.

Zu Lëtzebuerg koum et – och wann dat, wéi sou mueneches, éischter Peinleches wat mam Krich an der Nokrichszäit ze dinn huet dono vergiess a verdrängt gouf – zu enger masseweiser Applikatioun vun der “déchéance de la nationalité”. Si féiert zu engem vun de gréisste Justizskandaler an der Geschicht vu Lëtzebuerg, dee ganz séier duerch eng genee sou massenhaft Amnistie 1950 korrigéiert gouf.

Wat war geschitt? D'Regierung hat am Exil de Code pénal esou geännert, dass eng ganz Rei Strofen och d'Déchéance vun der Nationalitéit mat sech gezunn hunn. Och hei hunn Onpopularitéit a Populismus eng wichteg Roll gespillt. Dat huet dozou gefouert, dass souguer “Luxembourgeois de naissance” hir Nationalitéit konnten ewech geholl kréien. Déi Mesür konnt nom Krich géint d'Lëtzebuerger geholl ginn, déi zu méi wéi 2 Joer Prisong wéinst Kollaboratioun veruerteelt goufen. Dat ware schlussendlech 1.321 Persounen, dovunner bal 800, déi vu Gebuert aus Lëtzebuerger waren an déi domat staatenlos goufen. Souwäit war souguer Frankräich nom Krich net gaangen.

“Hérésie juridique”

Ganz séier wiere sech Perséinlechkeete wéi de Procureur général d'Etat Felix Welter, de President vum ieweschte Geriicht Paul Faber oder de Jurist Leo Metzler géint dës "hérésie juridique". De Staatsrot schwätzt vu "véritable erreur législative". E Gesetzprojet gëtt ausgeschafft. Am Exposé des motifs gëtt sech entschëllegt: "Aujourd'hui les facteurs intéressés sont à peu près unanimes pour regretter cette mesure discutable au point de vue international, mesure qu'en Europe Occidentale nous avons apparemment été seuls à emprunter à des régimes disparus et nous a valu un grand nombre d'apatrides avec tous les problèmes que cette situtation entraîne." Duerch d'Amnistiegesetz vun 1950 kruten déi, déi vu Gebuert aus Lëtzebuerger waren, hir Lëtzebuerger Nationalitéit erëm.

An dono gouf net méi dovu geschwat. Och wann et, mee dat gëtt den Objet vun enger anerer Chronik, nach ganz vill dozou ze soe gëtt.

Diskriminéierend Traditioun

Am haitege Kontext ass et wichteg z’erwähnen, dass dono keng Déchéance méi gesprach gouf an dass de Lëtzebuerger Legislateur de spéidere Revisiounsprozess vun eiser Nationalitéitsgesetzgebung genotzt huet fir schliisslech mam Gesetz vun 2008 eng Déchéance nëmmen nach virzegesinn am Fall vu Fälschung, Bedruch a Verschweige vu wichtegen Tatsaachen. En Oferkennen ass awer net méiglech wa se zur Staatenlosegkeet vun der betraffener Persoun féiert.

Wa Frankräich d'Déchéance wëll op de Fall vun Terroriste vun Daech applizéieren, da ka se dat duerch eng einfach Upassung vun hirer Legislatioun maachen. Mee wann de franséische Legislateur dem Hollande säi Projet stëmmt an eng Dispositioun an d'Verfassung aschreift, déi mam Fanger op 3,5 Millioune Fransouse weist, da reit se sech net an déi liberal Traditioun vum Nationalitéitsrecht an, mee a seng diskriminéierend, a verstéisst, grad um symbolesche Plang, géint déi Valeuren, déi se behaapt ze verdeedegen: Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet.

* Denis Scuto, La nationalité luxembourgeoise (XIXe-XXe siècles). Histoire d’un alliage européen, (Préface de Gérard Noiriel), Bruxelles, Editions de l’Université de Bruxelles, 2012.