Radioen

On air

De Moien  |  Steve Harley & Cockney Rebel - Make Me Smile (Come Up And See Me)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erweiderungsprozess soll méi politesch ginn

EU-Erweiderung

Erweiderungsprozess soll méi politesch ginn

D'Europäesch Kommissioun proposéiert, d'Method fir nei Memberen an d'EU opzehuelen, ze verschäerfen. De Prozess soll méi effektiv a méi politesch ginn. D'Memberlänner dierfte méi matschwätzen. D'Kommissioun kënnt mat hirer Propos virun allem Frankräich entgéint.

auto_stories

4 min

Nom Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU kritt d'Diskussioun iwwer méiglech nei Memberen eng besonnesch Bedeitung.

Genee geholl hat si dat och scho virdrun, spéitstens zanter d'Staats- a Regierungscheffen am Oktober zejoert keng gréng Luucht ginn hate fir Bäitrëttsgespréicher mat den zwee Kandidaten Nord-Mazedonien an Albanien opzehuelen. Dat, obscho si der Europäescher Kommissioun no d'Krittären dofir erfëllt haten.

Propos gouf der franséischer Kritik ugepasst

Et war virun allem Frankräich, dat säi Veto ageluecht huet. Den deemolege Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat dat als schwéiere politesche Feeler bezeechent.

An der neier Europäescher Kommissioun ass den Ungar Olivér Várhely fir d'Erweiderung zoustänneg. Hie wëllt elo mat enger iwwerschaffter Methodologie fir den Erweiderungsprozess en neien Ulaf huelen.

Verschidde Memberlänner, net nëmme Frankräich, hätte Bedenke geäussert, ob ee mat de Reformen an deene betraffene Länner wierklech virukomm wier, sot hien e Mëttwoch, wéi hie seng Propos presentéiert huet.

"Mir brauche Reformen, déi funktionéieren", sou den Olivér Várhely. Fir de Kommissär geet et drëm, datt de Prozess u Vertraue gewënnt, well et Problemer op deem Gebitt an der Vergaangenheet gouf. Hie schwätzt vun enger "Diskrepanz" tëschent Kommissioun a Memberlänner "bei den Evaluatioune vun den Entwécklungen an de betraffene Länner".

Verschidde Memberlänner hunn effektiv d'Expertis vun der Kommissioun a Fro gestallt a waren deemno och net d'Accord Bäitrëttsgespréicher mat deene Kandidaten opzehuelen.

D'Memberlänner kréie méi matzeschwätzen

De Prozess misst elo méi credibel ginn, seet den zoustännegen EU-Kommissär. Et wier och wichteg, datt ee "méi previsibel, méi dynamesch a méi politesch" gëtt.

Méi politesch, dat heescht, datt d'Memberlänner méi staark sollen involvéiert ginn. Si sollen, sou de Olivér Várhely, méi enk an de Prozess agebonne ginn, fir esou méi Vertrauen opzebauen.

Fir méi Vertraue soll och suergen, datt de Prozess ka réckgängeg gemaach ginn, am Fall wou ee Land net déi Reforme liwwert, déi ofgemaach waren. Dat géif a ville Länner vun der Ëffentlechkeet erwaart ginn, weess de Kommissär. Op Nofro vu Journaliste gëtt hien allerdéngs zou, datt et och am aktuellen Erweiderungsprozess schonn ëmmer méiglech war, ee Schratt no hannen ze goen.

Kapitelen, déi schonn zou waren, konnten och elo schonn nees opgemaach ginn. Et war och méiglech d'Negociatiounen a verschiddene Beräicher carrement op Äis ze leeën an de Kandidate Fongen ze entzéien, wann et net virugoung.

"Dat stëmmt, dat ass net nei, mee et gëtt nei Elementer an eiser Propos", seet dozou den Olivér Várhely.

Méi haart Sanktiounen

Et géife méi decisiv Mesurë fir Sanktioune gebraucht ginn, steet am Text, deen de Kommissär e Mëttwoch presentéiert huet. Méi spezifesch wëllt hien dat an enger konkreter Propos nach virum groussen Erweiderungs-Sommet am Mee zu Zagreb duerleeën.

Dat, wat bis elo um Dësch läit, gouf am Europaparlament queesch duerch d'Parteien éischter positiv opgeholl. Déi Gréng hu sech un där Ambitioun, dee Prozess ze politiséiere an d'Memberlänner méi staark mat anzebauen, gestéiert.

"Mir sollten dat evitéieren", seet d'Viola Cramon-Traubadel. Et sollt ee sech op déi kompetent Experte vun der Kommissioun verloossen. "Wann d'Memberlänner méi involvéiert ginn, riskéiere politesch Interête matzespillen", sou déi däitsch Europadeputéiert vun deene Gréngen.

Däers ass sech d'Kommissioun vläicht bewosst. Si weess awer, datt et dono d'Memberlänner sinn, déi egal wéi Jo zu engem neie Kandidat soe mussen. Geet dat, wat elo virläit, duer, fir dee franséische Blockage géint déi potentiell Kandidaten Nord-Mazedonien an Albanien opzeléisen?

Wéi de Kommissär seng Iddien am Parlament presentéiert huet, huet sech d'Europadeputéiert vun der franséischer Regierungspartei La République En Marche, d'Nathalie Loiseau, bedeckt gehalen.

Jiddweree misst an deem Erweiderungsprozess méi Responsabilitéit iwwerhuelen. Wann et Réckschrëtter géif, misst ee Konsequenzen zéien, sou d'Nathalie Loiseau. Eng éischter allgemeng Appreciatioun. Eng kloer Äntwert vu franséischer Säit gëtt et wuel eréischt, wann déi endgülteg Propos do ass.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.