Fir den Aarbechtsminister Georges Engel ass et eng Fro vu Gerechtegkeet a Chancëgläichheet, dat professionellt an dat privat Liewe méi equilibréiert ze gestalten. Hien huet eng Erweiderung vum sougenannte Pappecongé annoncéiert:
"Déi zéng Deeg Pappecongé, déi kréien och elo d'Independanten. Dir wësst datt dat fir d'Salariéë schonn de Fall ass. De Staat bezilt aacht Deeg an zwee Deeg bezilt de Patron. An hei ginn och elo aacht Deeg fir den Independant vum Staat bezuelt. An zwee Deeg kann de Patron da fir sech selwer bezuelen. Nei ass dann och datt de Pappecongé och fir homosexuell Koppele wäert opgoen."
De Pappecongé muss zwee Méint virum virgesinne Gebuertstermin ugefrot an an den zwee Méint no der Gebuert geholl ginn, fir d'Bindung mam Kand ze stäerken, esou den Aarbechtsminister.
Congéen aus familiäre Grënn
Zwee weider nei Congéë kritt ee just mat enger Attestatioun vun engem Dokter. Nieft engem Dag, deen ee bei engem Cas de force majeure an der Famill duerch Krankheet oder Accident ka fräi huelen, gëtt et deemnächst e neien, sougenannten Aidant-Congé, erkläert de Geroges Engel:
"Dat si fënnef zousätzlech Deeg, wann een 12 Méint occupéiert war als Salarié an deem Betrib, wou een ass. An dee Congé, dee ka geholl gi fir entweder engem Familljemember Soins personnels oder eng Aide personnelle unzebidden. Oder fir och all aner Persoun, déi am selwechte Stot wunnt. De Familljemember kann da sinn: de Jong, d'Duechter, d'Mamm, de Papp, de Conjoint oder de Partner."
Falls e Patron engem Salarié en Congé net accordéiert, deen dësen gesetzlech zegutt huet, kann hie mat Strofe bis zu 2.500 Euro sanktionéiert ginn.
Zäit fir d'Ëmsetzung vun der EU-Direktiv bleift bis August. Ob de Gesetzesprojet bis do den Instanzewee duerchlaf huet ass den Ament nach net kloer.