Eng Partie Formulatiounen am neien Text géifen zu juristeschen Onsécherheete féieren a wieren deels net verfassungskonform. Ënner anerem géif net kloer aus dem Text ervirgoen, wien iwwerhaapt vun der Schoulflicht bis 18 Joer betraff ass, schreift de Staatsrot a sengem Avis.
Staatsrot fuerdert Prezisiounen
Am neien Text géif nämlech vu Mineure geschwat ginn, déi zu Lëtzebuerg "present" sinn amplaz vu Mineuren, déi zu Lëtzebuerg "wunnen". Et wier net kloer, wat d'Auteure vum Text mat "present" mengen, kritiséiert de Staatsrot a proposéiert den Terme duerch "résidence habituelle" ze ersetzen.
Am Gesetzesprojet wier och kee legale Kader fir den Homeschooling am Secondaire virgesinn. Och wat d'Sanktiounen ugeet, wann e Mineur sech net un déi geplangte Schoulflicht bis 18 Joer sollt halen, misst méi Kloerheet geschaaft ginn. Esou misst preziséiert ginn, wéi eng Infraktioune genee viséiert wieren an déi eventuell Sanktiounen deementspriechend ugepasst ginn.
Kee Kader fir professionelle Parcours fir Mineuren
Doriwwer eraus stellt de Staatsrot a sengem Avis fest, datt den Educatiounsministère a sengem Gesetzesprojet kee Kader virgesäit fir Mineuren tëscht 16 an 18 Joer, déi e professionelle Parcours wéilten aschloen.
An anere Wierder géif dat bedeiten, datt Jonker hir professionell Karriär net wéi am aktuelle Gesetzestext mat 16, mee eréischt mat 18 Joer kéinten ufänken.
De Staatsrot mengt dann och, datt de Gesetzprojet net kloer genuch justifiéiert, wat d'Verlängerung vun der Schoulflicht ëm zwee Joer iwwerhaapt u Virdeeler soll mat sech bréngen.